Nervesystem

Iwwersiicht iwwer de mënschlechen Nervesystem (op Däitsch)

Den Nervesystem ass en héichkomplexen Deel vum Kierper vum Déier a vum Mënsch. En hëlt Reizer op, verschafft se a reagéiert dorop. Dofir schafft en mam endokrinne System zesummen.

D'Haaptfunktioune vum Nervesystem sin d'Steierung vun den Organer am Kierper an der Skelettmuskulatur, an och d'Kommunikatioun tëscht deem, wat bannent dem Kierper ass, an der Ëmwelt. Eng aner wichteg Funktioun ass d'Ausféiere vu komplexen, méi héije Funktioune wéi dem Gediechtnes, dem Denken an den Emotiounen.

Den Nervesystem beim Mënsch

Beim Mënsch ëmfaasst den Nervesystem all d'Nervenzelle vum mënschleche Kierper. Dee kommunizéiert iwwer den Nervesystem mat der Ëmwelt a steiert gläichzäiteg déi vill Mechanismusse bannent dem Kierper. En hëllt Stimulatioune vun de Sënner op, verschafft se a léist Reaktioune wéi Muskelbeweegungen oder d'Empfanne vu Péng aus. Wann de Mënsch zum Beispill eppes upeekt, dat gliddeg waarm ass, dann zitt d'Hand sech reflexaarteg zréck, well d'Nerven direkt e Schmäerzsignal un d'Gehier schécken. Och d'Virgäng vum Stoffwiessel ginn iwwer den Nervesystem gesteiert.

Den Nervesystem besteet aus Milliarden Nervenzellen, déi och Neurone genannt ginn. All eenzel Nervenzell huet e Kierper an e puer Prolongementer. D'Denrite sinn déi méi kuerz Extensiounen, déi wéi Antenne wierken. Iwwer si empfänkt den Zellkierper Signaler, beispillsweis vun aneren Nervenzellen. Déi méi laang Extensioun ass den Axon, wéi iwwer ee Meter laang ka sinn; si leet d'Signaler weider.

Jee no der Lag vun den Nervebunnen am Kierper ënnerscheed een tëscht engem zentralen a engem peripheren Nervesystem. Zum zentralen Nervesystem zielen d'Nervebunnen am Gehier an am Réckemuerch. Si befanne sech sécher am Schiedel an am Wierbelkanal. All déi aner Nervebunnen gehéieren zum peripheren Nervesystem vum Kierper.

Donieft ënnerscheed een och tëscht dem willkürlechen Nervesystem (oder somateschen Nervesystem) an dem vegetativen Nervesystem (och nach autonomen oder viszeralen Nervesystem genannt). De willkürlechen Nervesystem steiert all d'Virgäng, déi dem Mënsch bewosst sinn an déi e wëllentlech beaflosst, wéi zum Beispill gezilt Beweegunge vun de Muskelen am Gesiicht, de Been, oder den Aërm. Dogéint steiert de vegetativen Nervesystem all d'Ofleef, déi de Mënsch net mat sengem Wëlle ka steieren, an déi stänneg aktiv sinn. E reguléiert zum Beispill den Häerzschlag, de Stoffwiessel an d'Ootmung. Dofir emfänkt e Signaler aus dem Gehier a schéckt se weider un de Kierper. E funktionnéiert awer och an déi aner Richtung a schéckt Informatiounen aus dem Kierper an d'Gehier, zum Beispill iwwer d'Vitesse vum Haërzschlag, oder wéi voll d'Harnblos ass. De vegetativen Nervesystem ka sech immens séier un d'Funktioun vum Kierper an anere Konditiounen upassen. Wann et dem Mënsch zum Beispill waarm gëtt, erhéicht de System d'Duerchbluddung vun der Haut an d'Bildung vum Schweess, fir de Kierper ofzekillen.

De vegetativen Nervesystem gëtt weider ënnerdeelt an de sympatheschen Nervesystem (Sympathikus), den parasympatheschen Nervesystem (Parasympathikus) an den entereschen Nervesystem.

Quellen

Commons: Nervesystem – Biller, Videoen oder Audiodateien