North Dakota
North Dakota | |||||
| |||||
Spëtznumm: Peace Garden State Roughrider State Flickertail State | |||||
Lëscht vun alle Bundesstaaten | |||||
Haaptstad: | Bismarck | ||||
Gréisst Stad: | Fargo | ||||
Gouverneur: | Doug Burgum | ||||
Fläch: - Total: - Waasser: |
Op 19. Plaz 183.108 km² 2,4 % | ||||
Bevëlkerung: - Total: - Dicht: |
Op 47. Plaz 779.094 (2020)[1] 4,36/km² | ||||
Opgeholl als Memberstaat: | 2. November 1889 (39ten) | ||||
Zäitzon: | UTC-7/-6/-5 |
Den North Dakota ass e Staat am Mëttlere Weste vun den USA. E grenzt un d'Staate Minnesota am Osten, South Dakota am Süden, Montana am Westen an un d'kanadesch Provënze Saskatchewan a Manitoba am Norden.
Bevëlkerung
2015 gouf geschat, datt iwwer 750.000 Leit am Staat gewunnt hunn, vun deene sech 88,6 % als wäiss Amerikaner, 5,5 % als Indianer, 3,5% als Hispanic/Latino, 2,4 % als Afroamerikaner an 1,4 % als asiatesch identifizéiert hunn, woubäi ee méi wéi eng Kategorie konnt uginn[1].
Ekonomie
D'Duerchschnëttsakommes louch tëscht 2010 an 2014 bei 55.579 US-Dollar pro Stot an 30.894 USD op de Kapp[1]. D'Landwirtschaft an d'Pëtrolsproduktioun sinn nieft der Liewensmëttelveraarbechtung an der Technologie d'Haaptsecteuren an der Ekonomie vum North Dakota.
Biller
-
Weessfelder am Weste vum North Dakota
-
De Regierungssëtz an der Haaptstad Bismarck
-
Uelegfërderung
-
De Little Missouri River
-
Strooss an der gréisster Stad Fargo
Um Spaweck
Commons: North Dakota – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 1,2 census.gov: QuickFacts: North Dakota