Pall
![]() |
Dësen Artikel beschäftegt sech mat mat der Baach. Fir de Supermarché, kuckt wgl. Pall Center. |
D'Pall beim Wäschbuer zu Nidderpallen | |
Längt | 11 km |
---|---|
Originn | |
Originn | 4 Quellen |
Plaz | Tontel - Bunnert |
Héicht | 325 m |
Konfluenz | |
Leeft an | Atert |
Héicht | 254 m |
Koordinaten |
49° 46’ 09.3’’ N 05° 55’ 01.1’’ O |
Haaptnieweflëss |
Péilz Merelbaach Näerdener Baach |
Geographie | |
Land |
![]() ![]() |
Regioun |
Guttland Areler Land |
Uertschaften |
Tontel Uewerpallen Leewel Nidderpallen Réiden op der Atert |
![]() | |
D'Pall ass e belsch-lëtzebuergesche Waasserlaf dee seng Quellen an der Belsch tëscht Bunnert an Tontel huet. An der Belsch heescht d'Baach Scherbach, an de belsche Waasseratlas gëtt zwou Quellbaachen un, wouvun déi eng hir Quell zu Bunnert huet an déi aner südlech vun Tontel beim Kierfecht. Et ass déi leschtgenannt déi de Weier vun der Platinerei fiddert, an duerno och de Millegruef an de Kanal vum Milleweier vun der Grubermillen.
Si leeft zu Uewerpallen um Diggel an d'Land a kritt nodeem se laanscht d'Päiffeschmillen gelaf ass op der lénkser Säit Gesellschaft vun der Péilz. Vun do leeft se weider no Osten a Richtung Liewel, wou se just virdrun op der rietser Säit vun der Merelbaach gefiddert gëtt.
Hiert relativ staarkt Gefäll a gläichméissege Waasserdebit vun hire Quellen, an dee vun hiren Zouflëss, (all aus der Couche vum Lëtzebuerger Sandsteen) hunn et méiglech gemaach, datt en etlech Mille laanscht d'Pall konnten ugedriwwe ginn.
Vun uewen no ënne waren dat:
- an der Belsch:
- 2 Millen op der Platinerei bei Tontel. Eng ass nach bewunnt, déi aner läit a Stécker do.
- D'Grubermillen just op der Grenz. Haut ass do eng Pompelstatioun fir d'Drénkwaaser vun der Areler Gemeng.
- am Lëtzebuergeschen
Nieweflëss
- Fraebur a Scherbaach bei Bunnert
- Péilz zu Uewerpallen
- Merelbaach tëscht Uewerpallen a Biekerech
- Näerdener Baach zu Nidderpallen
Biller
-
D'Pall op der Grubermillen
-
D'Pall am Abrëll 2013 zu Nidderpallen
Um Spaweck
Commons: Pall – Biller, Videoen oder Audiodateien |