Pand

Dësen Artikel gehéiert zur Serie vun den Droits-Artikelen. Dës Explikatioune bezéie sech am Prinzip just op dat lëtzebuergescht Recht. Ënner Ëmstänn goufen déi lescht Changementer an der Legislatioun an/oder der Jurisprudenz nach net berécksichtegt. Et handelt sech och net ëm e juristesche Rot, mä ëm eng vereinfacht Duerstellung fir Laien. A konkreete Fäll soll ee sech ëmmer un en Affekot wennen!
Dësen Droitsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran.

E Pand ass eng Saach, déi hannerluecht gëtt, fir d'Erëmbezuele vun enger Schold sécherzestellen. E Pand ass en Droit réel (Usproch op eng Saach), am Géigesaz zum Droit personnel, deen Usproch op d'Zeréckbezuelen vun enger Schold) gëtt.

Verschidde Formen vum Pand

  • Pand (fr.: gage) a Form vun enger Hypothéik op engem Immeubel am Géigesaz zu de Sécherheeten a Form vu Mobiliargidder.
  • Pand a Form vun der Hannerleeung vu Wäertpabeieren (nantissement de titres).
  • Ofsécherung a Form vun engem Fonds de commerce.
  • Pand a Form vun der Hannerleeung vun enger Saach (Goldbarren z. B. am Fall vun engem Bankekredit).
  • Kautioun am Sënn vu Bierg
  • Aner Ofsécherungen
  • Am alldeegleche Sproochgebrauch ass e Pand dacks Synonym vun enger Kautioun, déi een hannerleet fir engem anere säi Geschier, wéi eng Pandfläsch z. B. ze léinen.

Um Spaweck