Pierre Maisonnet
Pierre Maisonnet | |
---|---|
Gebuer |
28. November 1755 Lëtzebuerg |
Gestuerwen |
29. Abrëll 1827 Lëtzebuerg |
Nationalitéit | Lëtzebuerg |
Aktivitéit | Moler, Lycéesprofesser |
Famill | |
Kanner | François-Joseph Maisonnet, Pierre-Joseph Maisonnet |
![]() |
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/8/83/Pierre_Maisonnet%2C_Mme_Chr%C3%A9tien_Faber-G%C3%A9nin.jpg/170px-Pierre_Maisonnet%2C_Mme_Chr%C3%A9tien_Faber-G%C3%A9nin.jpg)
De Pierre-François ("Pierre") Maisonnet, gebuer de 28. November 1755 an der Stad Lëtzebuerg, an och do gestuerwen den 29. Abrëll 1827, war e Lëtzebuerger Moler. Hie war de Jong vum Pierre Maisonnet (Petrus Maisonnette) an der Margaretha Rodenmacher.
Säi Liewen
Et ass net sécher, ob de Pierre Maisonnet e Schüler vum Orvaler Moler, dem Brudder Abraham Gilson, war, ier en op Antwerpen Konscht studéiere goung[1].
De Pierre Maisonnet huet haaptsächlech Portraite gemoolt. Sou krut hien och den Optrag fir e Portrait vum Keeser Joseph II. ze molen, wéi dee 1781 zu Lëtzebuerg war. 1792 huet hien dunn och deem säi Bouf an Nofollger, de Leopold II. portraitéiert. De Maisonnet huet och d'Pläng fir den Dekor vum Gouverneurspalais gezeechent an d'Aarbechten iwwerwaacht[2].
Wärend enger Rëtsch Joren huet de Maisonnet Kierchebiller gemoolt oder restauréiert an Ornamenter gemoolt[3].
Wéi de Jean-Baptiste Pioche 1811 gestuerwen ass, huet de Maisonnet deem seng Funktioun als Zeecheprofesser am Collège municipal, dem haitege Kolléisch, iwwerholl. Zu senge Schüler hunn ë. a. de Jean-Baptiste Fresez an de Jacques Sturm gehéiert.
Wierker (Auswiel)
- Portrait vum Keeser Joseph II.
- Portrait vun der Madame Chrétien Faber-Génin
An der Kollektioun vum Nationalmusée fir Geschicht a Konscht:
- Portrait vum Keeser Leopold II. (1791)
- Portrait vum Franz I. (1792)
- Allégorie de la sculpture
- Allégorie de la peinture
Galerie
-
Portrait vum Keeser Leopold II.
-
Allégorie de la peinture
-
Allégorie de la peinture
Unerkennungen
Zu Bouneweg ass d'Rue Pierre Maisonnet no him benannt.[4]
Literatur
- APEA, 1987. Regard sur deux siècles de création et d'éducation artistiques au Luxembourg. Association des Professeurs d'Education artistique de l'Enseignement secondaire et supérieur (APEA), Impr. St-Paul, Luxembourg, 332 S. (Pierre Maisonnet: S. 76.
- Jean-Marie Yante & Bénédicte Pétrement, Frère Abraham - Moine peintre d'Orval 1741-1809; Virton (éd. du Musée Gaumais), 2009. - Vgl. S. 146 à propos Pierre Maisonnet!
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Pierre Maisonnet – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen an Notten
- ↑ Henri Carême (2023) Les peintres et peinture dans le duché de Luxembourg au XVIIIe siècle. Luxemburg: Musée national d'archéologie d'histoire et d'art. ISBN 9788836654413.
- ↑ Inauguration Kaiser Leopolds II. zu Luxemburg, Das Luxemburger Land, Nr 14, 4. Abrëll 1886, S. 324
- ↑ Auguste Neyen (1860) Biographie Luxembourgeoise: histoire des hommes distingués originaires de ce pays considéré à l'époque de sa plus grande étendue, ou qui se sont rendus remarquables pendant le séjour qu'ils y ont fait. Volume 1. Lëtzebuerg: Pierre Buck.
- ↑ "Was bedeuten die Straßennamen der Stadt", ons stad', n° 21 (1986), S. 34.