Provënzen a Südafrika

Südafrika ass an néng Provënzen agedeelt. No den éischte fräie Walen, no der Apartheid, 1994 goufen d'Bantu Homelands (och nach Bantustan, op Afrikaans Bantoestan) rëm an d'Land agegliddert an déi 4 Provënzen déi zanter 1910 existéiert hunn, goufen opgeléist. Südafrika gouf du ganz nei an néng Provënzen agedeelt. Déi verschidde Provënze sinn an am Ganzen 48 Distrikter an 8 Metropolgemengen agedeelt.

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Distrikter a Südafrika.

Provënze vun 1994 un

Déi 9 südafrikanesch Provënzen
Provënzen a Südafrika
Nr. op
der Kaart
Provënz Awunner (2011)[1] Geschaten Awunner (2014)[2] Haaptstad Awunner an der Haaptstad (2011)[3] Fläch
(km²)
1 Westkap 5 822 734 6 116 324 Kapstad 3 740 026 129 370
2 Nordkap 1 145 861 1 166 680 Kimberley 248 041 361 830
3 Ostkap 6 582 053 6 786 880 Bhisho 755 200 169 580
4 KwaZulu-Natal 10 267 300 10 694 434 Pietermaritzburg 618 536 92 100
5 Fräistaat 2 745 590 2 786 757 Bloemfontein 747 431 129 480
6 Nordwest 3 509 953 3 676 274 Mahikeng 291 527 116 320
7 Gauteng 12 272 263 12 914 817 Johannesbuerg 4 434 827 18 178
8 Mpumalanga 4 039 939 4 229 323 Nelspruit 588 794 79 490
9 Limpopo 5 404 868 5 630 464 Polokwane 628 999 123 900
Total 51 770 560 54 001 953 Pretoria (Adm.) 2 921 488 1 219 912

Provënze vun 1910 bis 1994

Opdeelung virun 1994, faarweg markéiert sinn déi verschidde "Bantustanen".

No der Onofhängegkeet vu Groussbritannien 1910 gouf Südafrika a véier Provënze gedeelt:

  • Provënz Oranje-Fräistaat (den deemolegen Territoire vum Oranje-Fräistaat)
  • Provënz Transvaal (den deemolegen Territoire vun der Transvaal-Republik)
  • Kapprovënz (den deemolegen Territoire vun der Kapkolonie)
  • Provënz Natal (den deemolegen Territoire vun der Natalkolonie)

Referenzen

  1. Offizielle Recensement vun 2011
  2. Héichrechnung vun 2014
  3. Offizielle Recensement vun 2011