Reduit
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/2/22/Luxembourg%2C_Fort_Rumigny_%28101%29.jpg/280px-Luxembourg%2C_Fort_Rumigny_%28101%29.jpg)
Den Terme Reduit (fr: réduit) bezeechent eng Plaz oder e Gebai dat besonnesch gutt befestegt ass, an an dat sech Verdeedeger zeréckzéie kënne fir sech iwwer eng länger Period ze wieren.
Festungsbau
E Reduit ass d'Kärbefestegung vun engem Fort baussent enger Festung. Et ass e besonnesch staarkt Gebai an dat Verdeedeger sech zeréckzéie konnten wann de baussenzege Befestegungswall vum Géigner iwwerwonne gouf. Am Géigesaz zu enger Redoute ass e Reduit fir eng méi grouss Besatzung mat Gewierer an Artillerie ausgeluecht an doduerch méi schwéier z'erueweren.
Beispiller fir Reduiten
- Reduit vum Fort Rubamprez (Festung Lëtzebuerg)
- Reduit vum Fort Lambert (Festung Lëtzebuerg)
- Reduit vum Fort Oberer Kuhberg (Bundesfestung Ulm)
- Schwäizer Reduit, e Grupp vu Forten, déi an de Bierger an der Schwäiz, haaptsächlech no 1937 op Rot vum Generol Guisan ugeluecht goufen.
-
Ëmgebaute fréiere Reduit zu Kaliningrad.
-
Reduit vum Fort Gerharda am polnesche Świnoujście.
-
Reduit vum Fort Prinz Karl zu Ingolstadt.
Schwäizer Reduit
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/3/34/ReduitSchweiz.gif/220px-ReduitSchweiz.gif)
De Begrëff gëtt och am Kader vum Schwäizer Reduit benotzt, engem vun der militärescher Féierung vun der Schwäiz an den 1930er a 40er Joren definéierte Réckzuchsgebitt an de Schwäizer Alpen an dat sech d'Schwäizer Arméi am Fall vun enger Invasioun sollt zeréckzéie kënnen. Zu deem Zweck sinn ëm dat Gebitt ausgedeent ënnerierdesch a getarnt Bunkeranlagen entstanen.