Rendez-vous (Raumfaart)

Den Agena-Undockadapter vun de Gemini-Flich
Apollo-Kommandokapsel an ugekoppelt Moundfär (Apollo 9)
Space Shuttle Endeavour ugedockt um Pressurized Mating Adapter (PMA-2) vun der ISS (STS-111)

E Rendez-vous ass dat geziilt Zesummekomme vun zwéi Fluchkierper am Weltraum. Zwar kann domat och gemengt sinn, datt eng Raumsond hiren Zilplanéit erreecht, meeschtens bezitt sech den Ausdrock awer op d'Zesummekomme vun zwee Raumschëffer oder vun engem Raumschëff un eng Raumstatioun. Nëmmen eent vun de béide Raumgefierer gëtt aktiv gesteiert a beweegt sech duerch gëeegent, genee doséiert Bunnmanöveren op dat anert, passiivt Raumgefier zou.

Dobäi gëllt et ze beuechten, datt eng Acceleratioun vun engem Raumschëff dozou féiert, datt et sech an eng méi héich, an domat méi lues Ëmlafbunn beweegt. Soll e Raumgefier erreecht ginn dat virdru flitt, muss d'Vitess entgéint der Intuitioun reduzéiert ginn. Dobäi fält dat aktiivt Raumschëff am Verlaf vun der nächster hallwer Bunnperiod méi no zu der Äerd a kënnt méi séier virun (méi kuerz Ëmlafzäit). Am richtegen Ament muss dann nees acceleréiert ginn, fir datt béid Raumschëffer déi selwecht Ëmlafbunn hunn. Eréischt bei méi klengem Ofstand ginn d'Beweegunge wäit genuch entkoppelt, fir mat intuitive manuelle Manövere fléien ze kënnen.

D'Zil vun engem Rendez-vous ass dacks en Ukoppelen (Docken). Dobäi musse béid Raumgefierer kompatibel Undockmechanissemen hunn. Fir den Transfer vu Raumfuerer oder Material mussen d'Raumgefierer entspriechend Liichten hunn. Meeschtens geschitt den Austausch iwwer Schleisen, nëmmen a rare Fäll am fräie Raum.

Geschichtlechen Iwwerbléck iwwer Rendez-vousen an Dockingen

00 De Contenu vun dësem Kapitel oder dësem Artikel ass net vollstänneg oder net méi aktuell. Hëlleft wgl. mat, en ze komplettéieren oder nees op de leschte Stand ze bréngen.
  • 12. August 1962: Wostok 3 a Wostok 4 koumen bis op 6,5 km erunn, bedingt duerch prezise Berechnunge scho beim Start an net wéinst enger Steierung (Manövréierung) vun de Raumschëffer.
  • 16. Juni 1963: Wostok 5 a Wostok 6 widderhuelen dee Manöver.
  • 15. Dezember 1965: éischte Rendez-vous vun zwee gesteiert a bemannt Raumschëffer, Gemini 6 a Gemini 7. Den Ofstand war zäitweis nëmmen 30 cm.
  • 16. Mäerz 1966: éischt Kopplung an der bemannter Raumfaart: Gemini 8 dockt un en onbemannten Zilsatellit un.
  • 19. Juli 1966: Gemini 10 huet un en onbemannten Zilsatellit ugedockt an deem säin Dreifwierk benotzt, fir an eng aner Ëmlafbunn ze kommen, wou e Rendez-vous mat engem weidere Satellit war.
  • 30. Oktober 1967: éischt Kopplung vun zwee onbemannte Sojus-Raumschëffer mat de Bezeechnunge Kosmos 186 an 188.
  • 26. Oktober 1968: Rendez-vous vu Sojus 3 mat onbemannter Sojus 2, awer eng Kopplung geet an d'Box.
  • 16. Januar 1969: Kopplung vu Sojus 4 a Sojus 5. Zwéi Kosmonaute klammen aus hirem Raumschëff eraus an an dat anert eran. Dat war den éischten Transfer vu Raumfuerer tëscht Raumschëffer.
  • 03. Mäerz 1969: Apollo 9 mécht en éischten Docking vun engem Apollo-Raumschëff mat der Moundlandefär. Zwéin Deeg méi spéit ass dat éischt Auswiessele vu Raumfuerer vum Raumschëff an en anert duerch en Tunnel.
  • 23. Mee 1969: éischte Rendez-vous an Docking an der Moundëmlafbunn duerch Apollo 10: d'Landefär Snoopy trëfft sech mam Mammeschëff Charlie Brown; weider änlech Manövere bei de weidere Missiounen
  • 13. Oktober 1969: éischte Rendez-vous vun dräi Raumschëffer mat Sojus 6, Sojus 7 a Sojus 8. E geplangten Docking gëtt näischt.
  • 23. Abrëll 1971: Sojus 10 dockt un d'Raumstatioun Saljut 1 un, keen Auswiessele vun de Kosmonauten.
  • 06. Juni 1971: Sojus 11 dockt un d'Raumstatioun Saljut 1 un. Éischt Ëmsteigen an eng Raumstatioun.
  • 26. Mee 1973: éischten Docking vun engem Apollo-Raumschëff un déi amerikanesch Raumstatioun Skylab
  • 17. Juli 1975: éischten internationalen Docking vun zwee Raumschëffer am Kader vum Apollo-Sojus-Test-Projet
  • 22. Januar 1978: éischten onbemannten Transporter Progress 1 dockt un d'Raumstatioun Saljut 6 un
  • 11. Abrëll 1987: no ville Versich geléngt et, d'Modul Kwant 1 un d'Raumstatioun Mir unzedocken. Domat gëtt fir d'éischt Kéier eng Raumstatioun an der Äerdëmlafbunn vergréissert.
  • 26. Februar 1995: den amerikanesche Space Shuttle Discovery mécht e Rendez-vous mat der russescher Raumstatioun Mir an ëmkreest si fir eng Inspektioun. En Docking gëtt net gemaach.
  • 29. Juni 1995: den amerikanesche Space Shuttle Atlantis dockt un déi russesch Raumstatioun Mir (Shuttle-Mir-Programm) un.
  • No 1995 goufen d'Undockmanöveren un der Mir a spéider un der ISS perfektionéiert a goufen all puer Méint gemaach, virun allem fir de Crewwiessel.
  • Vu Juli 2005 gouf vum US-amerikanesche Space Shuttle de Rendez-vous Pitch Maneuver (RPM) fir d'Iwwerpréiwe vum Hëtzeschëld op eventuell Schied praktizéiert
  • Den 3. Abrëll 2008 dockt fir d'éischt en Europäeschen Transporter vollautomatesch un der ISS un.
  • Den 2. November 2011 geléngt déi éischt Kopplung vun der chineesescher Raumfaart tëscht dem onbemannte Raumschëff Shenzhou 8 an der Raumstatioun Tiangong 1.

Kuckt och

Portal Astronomie

Um Spaweck

Commons: Rendezvous – Biller, Videoen oder Audiodateien