Rick Battaglia

Rik Battaglia
d'Sophia Loren an de Rik Battaglia, 1954
Gebuertsnumm Caterino Bertaglia
Gebuer 18. Februar 1927
Gestuerwen 27. Mäerz 2015
Nationalitéit Italien, Kinnekräich Italien
Aktivitéit Schauspiller, Filmschauspiller

De Rik Battaglia, gebuer als Caterino Bertaglia den 18. Februar 1927 zu Corbola, am Veneto, an och do de 27. Mäerz 2015 gestuerwen, war en italieenesche Schauspiller.

A senger Carrière huet hie säin Numm op verschidde Manéiere geschriwwe wéi Rick Bataglia oder Riccardo Battaglia a Rick Battaglia.

Hien huet a 94 Kinos- an TV-Filmer matgespillt. Déi wichtegst vun deene Filmer si La giornata balorda (1960) vum Mauro Bolognini, den Italo-Western Giù la testa (1971) vum Sergio Leone mam Rod Steiger an James Coburn an Il prefetto di ferro (1977) vum Pasquale Squitieri.

Filmographie

Kino

vun 1954 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1991

  • 1980: Zappatore, vum Alfonso Brescia mam Mario Merola
  • 1982: La tua vita per mio figlio, vum Alfonso Brescia mam Mario Merola an Antonio Sabato
  • 1982: La vela incantata, vum Gianfranco Mingozzi mam Massimo Ranieri a Monica Guerritore
  • 1982: Bomber, vum Michele Lupo mam Bud Spencer
  • 1982: Giuramento, vum Alfonso Brescia mam Mario Merola
  • 1985: Liberté, égalité, choucroute vum Jean Yanne mam Michel Serrault an Ursula Andress
  • 1985: Il pentito vum Pasquale Squitieri mam Franco Nero a Max von Sydow
  • 1986: Detective School Dropouts vum Filippo Ottoni mam Christian De Sica a Valeria Golino
  • 1986: Giuro che ti amo, vum Nino D'Angelo mam Nino D'Angelo a Gabriele Tinti
  • 1988: Don Bosco, vum Leandro Castellani mam Ben Gazzara a Laurent Terzieff
  • 1989: La ragazza del metrò vum Romano Scandariato mam Nino D'Angelo a Ninetto Davoli
  • 1989: Diva Futura - L'avventura dell'amore vum Ilona Staller
  • 1991: Omicidio a luci blu, vum Alfonso Brescia mam Florence Guérin an David Hess
  • 1991: Buck ai confini del cielo, vum Tonino Ricci mam John Savage an David Hess

Um Spaweck