Rock Hudson

Rock Hudson
Gebuertsnumm Roy Harold Scherer Jr.
Gebuer 17. November 1925
Gestuerwen 2. Oktober 1985
Doudesursaach Longekriibs
Nationalitéit USA
Educatioun New Trier High School
Aktivitéit Televisiounsschauspiller, Filmschauspiller, Theaterschauspiller, Schauspiller, Militär
Partei CRP
De Rock Hudson (lénks) mat der Nancy Reagan an dem Ronald Reagan (1984)

De Rock Hudson, gebuer als Roy Harold Scherer Jr. de 17. November 1925 zu Winnetka, a gestuerwen den 2. Oktober 1985 zu Marina del Rey a Kalifornien, war en US-amerikanesche Schauspiller.

De Rock Hudson ass haaptsächlech bekannt duerch e puer Kaméidisfilmer mat der Doris Day bei deene besonnesch Pillow Talk (1959) vum Michael Gordon vill Erfolleg hat. Aner bedeitend Filmer mat him sinn de Western Winchester '73 (1950) vum Anthony Mann, de Melodrama Magnificent Obsession (1954) vum Douglas Sirk, den eepeschen Drama Giant (1956) vum George Stevens mat der Elizabeth Taylor an dem James Dean a Written on the Wind (1956) vum Douglas Sirk.

De Rock Hudson war ee vun den éischte Prominenten, déi un de Suitë vun AIDS gestuerwe sinn, an deen dozou bäigedroen huet, d'Opmierksamkeet op déi deemools nei Kränkt ze riichten.

Filmographie

Kino

vun 1948 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1984

TV

  • 1971: McMillan & Wife (TV-Serie) (40 Episoden)
  • 1978: Wheels (TV-Serie) (1 Episod)
  • 1980: Superstunt II - Regie: Max Kleven - Haaptacteuren: James Coburn, Lillian Müller
  • 1980: The Martian Chronicles (TV-Mini-Serie) - Regie: Michael Anderson - Haaptacteuren: Gayle Hunnicut, Maria Schell
  • 1981: The Star Maker - Regie: Lou Antonio - Haaptacteuren: Suzanne Pleshette, Melanie Griffith
  • 1982: World War III - Regie: David Greene, Boris Sagal - Haaptacteuren: Brian Keith, Jeroen Krabbé
  • 1982: Devlin Connection (TV-Serie) (13 Episoden)
  • 1984: The Vegas Strip War - Regie: George Englund - Haaptacteuren: Sharon Stone, Madison Mason
  • 1984 Dynasty (TV-Serie) - (9 Episoden)

Um Spaweck

Commons: Rock Hudson – Biller, Videoen oder Audiodateien