Schabloun:Op engem 17. November

  • 0009: Gebuert vum réimesche Keeser Vespasian.
  • 1755: De Louis XVIII., Kinnek vu Frankräich, gëtt gebuer.
  • 1890: De lëtzebuergeschen Theaterauteur an Editeur Hary Trauffler kënnt op d'Welt.
  • 1901: Gebuert vum däitsche Politiker an 1. President vun der Europäescher Kommission, Walter Hallstein.
  • 1905: Nom Doud vu sengem Papp Adolphe gëtt de Wëllem IV. Groussherzog vu Lëtzebuerg.
  • 1920: De lëtzebuergesche Sänger, Radios- an Tëleesanimatuer, Schlagertextschreiwer a Schauspiller Camille Felgen gëtt gebuer.
  • 1966: Gebuert vun der franséischer Schauspillerin Sophie Marceau.
    Wenzelsplaz Prag, Nov. 1989
    Wenzelsplaz Prag, Nov. 1989
  • 1989: Eng Studente-Manifestatioun zu Prag gëtt vun der Police brutal zerschloen; Ausléiser vun der Samette Revolutioun, déi bannent e puer Wochen de kommunistesche Regime an der Tschechoslowakei ewechbotzt.