Sean Connery

Sean Connery
Gebuertsnumm Thomas Sean Connery
Gebuer 25. August 1930
Edinburgh
Gestuerwen 31. Oktober 2020
Doudesursaach Otemnout
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Aktivitéit Filmschauspiller, Charakterschauspiller, Schauspiller, Filmproduzent, Theaterschauspiller, Dréibuchauteur, Televisiounsschauspiller, Synchronspriecher, Mëllechmann
Famill
Bestuet mat Diane Cilento, Micheline Roquebrune
Geschwëster Neil Connery
Kand Jason Connery

De Sir Thomas Sean Connery, gebuer de 25. August 1930 zu Fountainbridge, engem Deel vun Edinburgh (Schottland) a gestuerwen den 31. Oktober 2020 op de Bahamas, war e schottesche Schauspiller.

Säi Liewen

De Sean Connery ass de Jong vum Joseph Connery an der Euphamia 'Effie' Maclean. No der Schoul ass hien an d'Arméi gaangen, duerno huet hien et a verschiddene Beruffer versicht. Nodeem hien am Joer 1950 fir Schottland am Mr. Universum Concours ugetruede war, a sech als drëtte klasséiert hat, krut e Schauspillerrollen ugebueden.

Säin éischte Film an deem en eng gréisser Roll hat, war 1957 No Road Back. Am Joer 1962 spillt hien dunn am Film Dr. No den James Bond. Dëse Film war den Ufank vum Connery senger grousser Filmcarrière.

De Sean Connery war vun 1962 bis 1973 mat der Diane Cilento bestuet. Zesummen hu si e Kand, den Jason Connery, deen och Schauspiller ass. Zanter 1975 war de Sean Connery mat der Micheline Roquebrune bestuet.

Filmographie

1964
1988

vun 1954 bis 1959

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1980 bis 1989

vun 1990 bis 1999

  • The Hunt for Red October (1990), vum John McTiernan
  • The Russia House (1990), vum Fred Schepisi
  • Highlander II: The Quickening (1991), vum Russell Mulcahy
  • Family Business (1991), vum Sidney Lumet
  • Robin Hood: Prince of Thieves (Cameo) (1991), vum Kevin Reynolds
  • Medicine Man (1992), vum John McTiernan
  • Rising Sun (1993, vum Philip Kaufman
  • A Good Man in Africa (1994), vum Bruce Beresford
  • Just Cause (1995), vum Arne Glimcher
  • First Knight (1995), vum Jerry Zucker
  • Dragonheart (1996) (Erzieler), vum Rob Cohen
  • The Rock (1996), vum Michael Bay
  • The Avengers (1998), vum Jeremiah S. Chechik
  • Playing by Heart (1998), vum Willard Carroll
  • Entrapment (1999), vum Jon Amiel

vun 2000 bis

  • Finding Forrester (2000), vum Gus Van Sant
  • The League of Extraordinary Gentlemen (2003), vum Stephen Norrington

Gielercher

Um Spaweck

Commons: Sean Connery – Biller, Videoen oder Audiodateien