Spurr (Moundkrater)
De Moundkrater Spurr (Foto: Apollo 15) | |
Koordinaten | 27°54'36"N, 1°16'12"W |
---|---|
Duerchmiesser | 13,21 km |
Déift | 100 m[1] |
Selenographesch Längt | 1° bei Sonnenopgank |
Genannt no | Josiah Edward Spurr |
Genannt am Joer | 1973 |
Moundvéiereck | LQ12 |
De Spurr ass en Aschlagkrater op der viischter Moundsäit um Terrain vum Palus Putredinis, südëstlech vum grousse Krater Archimedes.
Et ass e sougenannte Geeschterkrater, d. h., hien ass zimmlech flaach a bis un de Rand am Süden an Osten vu fréierer Lava iwwerschwemmt.
De Krater gouf am Joer 1973 vun der I.A.U. nom amerikanesche Geolog Josiah Edward Spurr genannt.
Kuckt och
Um Spaweck
Referenzen
- ↑ John E. Westfall: Atlas of the Lunar Terminator. Cambridge University Press, Cambridge u. a. 2000, ISBN 0-521-59002-7.