Swiss International Air Lines
SWISS INTL AIR LINES | |
---|---|
Gegrënnt: | 2002 aus Crossair a Swissair |
IATA-Code: | LX |
ICAO-Code | SWR |
Ruffzeechen: | Swiss |
Sëtz: | Basel an der Schwäiz |
Allianz: | Star Alliance |
Flott: | 89 |
Destinatiounen: | 106 |
D'Swiss International Air Lines, oder och einfach Swiss, ass eng Schwäizer Fluchgesellschaft mat Sëtz zu Basel.
Si ass d'Nofollgerin vun der Swissair déi den 1. Oktober 2001 Faillite gaangen ass. D'Swiss gouf dunn op Basis vun der deemoleger Crossair mat massiver finanzieller Hëllef vum Schwäizer Staat an de wichtegste Schwäizer Firmen, notamment de Banken, op d'Been gestallt sou datt si den 1. Mäerz 2002 de Betrib konnt ophuelen.
Hiren IATA-Code ass LX, de fréiere Code vun der Crossair. Den ICAO-Code ass SWR, de fréiere Code vun der Swissair.
De Sëtz vun der Gesellschaft ass zu Basel, d'Haaptbase an Dréipunkt ass awer Kloten, de Fluchhafe vun Zürich.
D'Swiss gehéiert zanter 2007, aus rechtleche Grënn deels iwwer Zwëschegesellschaften an iwwer eng Stëftung, zu 100% der Lufthansa. Si ass Member vun der Star Alliance.
Flott
Si huet 89 Fligeren dorënner Airbus A319, A320, A321, A330, A340 an den Avro RJ100 "Jumbolino", deen och op der Streck Zurich-Lëtzebuerg agesat gëtt.
Um Spaweck
Commons: Swiss International Air Lines – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- D'Websäit vun der Swiss