Tarja Halonen

Tarja Halonen
Gebuertsnumm Tarja Kaarina Halonen
Gebuer 24. Dezember 1943
Helsinki
Nationalitéit Finnland
Aktivitéit Politiker, Affekot
Member vun Parlamentaresch Versammlung vum Europarot, Club de Rome

D'Tarja Kaarina Halonen [ˈtɑrja ˈhɑlɔnɛn], gebuer de 24. Dezember 1943 zu Helsinki a Finnland, ass eng finnesch Politikerin.

Si ass zanter 1971 Member vun der Sozialdemokratescher Partei vu Finnland, fir déi se vun 1977 bis 1996 am Gemengerot vun Helsinki a vun 1979 bis 2000 Deputéiert am finnesche Parlament war.

Vun 1987 bis 1990 war si Ministesch fir Soziales a Gesondheet, vun 1989 bis 1991 Ministesch fir déi skandinavesch Zesummenaarbecht, vun 1990 bis 1991 Justizministesch a vun 1995 bis 2000 Ausseministesch.

D'Tarja Halonen war, vum 1. Mäerz 2000 bis den 29. Februar 2012, Presidentin vu Finnland an éischt Fra an deem Amt.

Um Spaweck

Commons: Tarja Halonen – Biller, Videoen oder Audiodateien