Trompowsky-Ugrëff
Dëse Schachartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Zich | 1. d4 Sf6 2. Lg5 |
---|---|
ECO | A45 |
Benannt no | Octávio Trompowsky |
Entsteet aus | Indesch Verdeedegung |
Aner Nimm | Trompowsky-Erëffnung |
Den Trompowsky-Ugrëff ass eng Erëffnung vum Schachspill. Se zielt zu den Zouene Spiller an ass an den ECO-Coden ënner dem Schlëssel A45 klassifizéiert.
Den Trompowsky-Ugrëff fänkt mat de follgenden Zich un:
- 1. d4 Sf6
- 2. Lg5
Geschicht
Benannt gouf dës Erëffnung nom Brasilianer Octávio Trompowsky, dee „seng“ Erëffnung reegelméisseg an den 1930er-, 1940er- an 1950er-Jore gespillt huet. International bekannt gouf d'Erëffnung, wéi den Trompowsky se op der Schacholympiad 1936 zu München géint den Alexander Kiprow gespillt huet.
Varianten
Op 2. Lg5 huet Schwaarz d'Méiglechkeet, d'Verdueblung vum f-Bauer duerch 2.... Se4 oder 2... e6 ze verhënneren, oder dës Menace mat 2.... d5 oder 2.... c5 z'ignoréieren.
2.... Se4
- 1. d4 Sf6 2. Lg5 Se4
2.... e6
- 1. d4 Sf6 2. Lg5 e6
2.... d5
- 1. d4 Sf6 2. Lg5 d5
2.... c5
- 1. d4 Sf6 2. Lg5 c5
Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen
An der Enzyklopedie vun de Schacherëffnungen ass den Trompowsky-Ugrëff ënner dem Schlëssel A45 klassifizéiert.
- A45: 1. d4 Sf6