Véronique

Véronique
Déi helleg Véronique, op engem Bild vum Mattia Preti (1613–1699)
Geschlecht weiblech
Namensdag 4. Februar
Ursprong
Genannt no Helleg Véronique
Varianten
Alternativen Veronika, Veronica
Spëtznumm Véro / Vero, Vroni, Vrunni

Véronique, resp. Veronika ass e weibleche Virnumm, deen op déi chrëschtlech Helleg Véronique zeréckgeet.

E kënnt aus dem Griichesche vu pherenike, wat "Bréngerin vun der Victoire" bedeit.

Déi eenzel Bestanddeeler vum Wuert sinn:

  • φέρειν - droen
  • Νίκη - d'Victoire

Déi gebräichlechst franséisch a lëtzebuergesch Diminutivform vum Virnumm ass Véro / Vero, déi däitsch ass Vroni, an déi russesch sinn Nika a Ronja.

Gedenkdag

Hire Gedenkdag ass de 4. Februar.

Bekannt Frae mat deem Virnumm

Véronique

Veronica

  • Veronica Campbell-Brown (* 1982), jamaikanesch Sprinterin an Olympiagewënnerin
  • Veronica Carlson (1944–2022), brittesch Schauspillerin
  • Veronica Carstens (1923–2012), däitsch Medezinnerin
  • Veronica Cartwright (* 1949), brittesch Schauspillerin
  • Veronica Ferres (* 1965), däitsch Schauspillerin
  • Veronica Guerin (1958–1996), iresch Journalistin
  • Veronica Hart (* 1956), US-amerikanesch Schauspillerin
  • Veronica Lake (1922–1973), US-amerikanesch Schauspillerin
  • Veronica Maggio (* 1981), schweedesch Sängerin
  • Veronica Varekova (* 1977), tschechescht Model

Veronika

  • Veronika Bennholdt-Thomsen (* 1944), däitsch Ethnologin a Soziologin
  • Veronika Fitz (* 1936), däitsch Volleksschauspillerin
  • Veronika Kohlbach (* 1906), éisträichesch Liichtathleetin
  • Veronika Meduna (* ?), neiséilännesch Biologin, Radiojournalistin a Schrëftstellerin
  • Veronika Neugebauer (1969–2009), däitsch Synchronspriecherin
  • Veronika von Quast (* 1946), bayresch Schauspillerin, Komikerin a Sängerin
  • Veronika Šarec (* 1968), sloweenesch Schileeferin
  • Veronika Schmidt (* 1952), däitsch Schilaangleeferin
  • Veronika Schneider (* 1987), ungaresch Schachspillerin
  • Veronika Vitzthum (* 1963), éisträichesch Schileeferin
  • Veronika Wallinger (* 1966), éisträichesch Schileeferin
  • Veronika Zemanová (* 1975), tschechescht Erotik-Model

Um Spaweck

Commons: Véronique – Biller, Videoen oder Audiodateien