Verdauung

En däitschsproochegen Diagramm vum Verdauungssystem am mënschleche Kierper.

D'Verdauung (lat.: digestio) ass e Prozess, bei deem d'Narung, déi e Mënsch oder en Déier opgeholl huet, duerch mechanesch a biochemesch Mëttel a Stoffer, déi vum Kierper opgeholl kënne ginn, ëmgewandelt ginn.

D'Verdauung beim Mënsch

 Méi Informatioun doriwwer am Artikel: Verdauungsapparat.
Se geschitt bei vill Déieren a beim Mënsch am Verdauungssystem, engem Apparat aus verschiddenen Organer, dorënner dem Mond, der Strass, dem Mo, dem Daarm, der Galeblos, der Bauchspeicheldrüs an de Speicheldrüsen. Si hunn all hir eege Funktioun, déi vun der Närstoffopnam bis zum Ausscheede reechen. Donieft spillt d'Daarmflora och eng wichteg Roll.

Um Spaweck

Commons: Verdauung – Biller, Videoen oder Audiodateien