Virgo (Stärebild)
Date vum Stärebild Virgo | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Jongfra |
Laténgeschen Numm | Virgo |
Laténgesche Geenitiv | Virginis |
Laténgesch Ofkierzung | Vir |
Rektaszensioun | 11h 37m bis 15h 11m |
Deklinatioun | -22° 40' bis +14° 20' |
Fläch | 1294 Quadratgrad |
Ganz ze gesinn tëscht de Breedegraden |
67° Nord bis 76° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
Fréijoer |
Stäre mat der Gréisst < 3m |
2 |
Hellste Stär | Spica (α Virginis) 0,98m |
Meteorstréim | |
Virginiden (18./19. Mäerz) | |
Nopeschstärebiller | |
Bootes | |
Coma Berenices | |
Leo | |
Crater | |
Corvus | |
Libra | |
Serpens | |
D'Jongfra (laténgesch Virgo) ass e Stärebild op der Ekliptik.
Beschreiwung
D'Stärebild Virgo ass (no der Hydra) dat zweetgréisst Stärebild um Himmel. Et läit tëscht dem Leo (Leo) an der Libra.
Den hellste Stär ass d'Spica mat enger visueller Magnitude vun 0,98m. D'Spica ass an der Verlängerung vum Täissel vum „Grousse Won“ Ursa Major iwwer dem hellen Arcturus am Stärebild Bootes ze fannen.
D'Ekliptik zitt sech duerch d'Stärebild Virgo, dofir wandert eis Sonn, de Mound an d'Planéiten duerch dëst Stärebild. Et gehéiert domat zu den Déierekreeszeechen. Opgrond vun der Prezessiounsbeweegung vun der Äerdachs huet sech den Zäitpunkt vum Sonnenduerchgang géintiwwer vun der Antiquitéit verréckelt. D'Sonn hält sech momentan vum 10. September bis zum 30. Oktober an der Virgo op.
Am Stärebild Virgo (Jongfra oder och Joffer genannt) ass de risege Virgo-Galaxiëkoup, dee ronn 2.000 Galaxien enthält. Verschidde Galaxië kënne scho mat klengen Teleskope gesi ginn.
Geschicht
De geneeën Urspronk vum Stärebild ass net bekannt. Al Kulturen hunn si mat Gëttinnen, wéi Ishtar, Isis oder Cybele a Verbindung bruecht.
Bei de Griichen an der Antiquitéit gouf et ënnerschiddlech Deitungen. Sou gouf am Stärebild d'Athene, d'Hera,d'Persephone, d'Kallisto, d'Dike, d'Astraea oder d'Erigone gesinn.
D'Virgo gehéiert zu deenen 48 Stärebiller déi schonn an der anticker Astronomie bekannt waren.
Well d'Sonn an de Méint September an Oktober am Stärebild steet, gouf et mat der Rekolt, Fruchtbarkeet an dem Akerbau a Verbindung bruecht. De laténgeschen Numm Spica bedeit „Kornähre“. Well d'Stärebild am Fréijoer iwwer dem Horizont opdaucht, ass fréier och gegleeft ginn, d'Stärebild géif nom Wanter aus der Ënnerwelt opdauchen.
Himmelsobjeten
B | F | Numm oder aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
α | 67 | Spica, Azimech, Alarph | 0,98 | 262 | B1 III/IV + B2 V |
ε | 47 | Vindemiatrix, Vindemiator, Almuredin Alaraph, Provindemiator, Protrigetrix, Protrygetor |
2,85 | 102 | G8 IIIvar |
ζ | 79 | Heze | 3,38 | 73 | A3 V |
δ | Minelava, Minelauva, Auva, Al Awwa | 3,39 | 202 | M3 III | |
β | Zavijah, Zavijava, Alaraph, Minelauva | 3,59 | 36 | F8 V | |
γA | 29 | Porrima, Arich | 3,65 | 39 | F0 V |
γB | Porrima, Arich | 3,68 | 39 | F0 V | |
109 | 3,73 | 129 | A0 V | ||
μ | 107 | Rijl al Awwa | 3,87 | 61 | F2 III |
η | 15 | Zaniah | 3,89 | 250 | A2 IV |
ν | 3 | 4,04 | 313 | M0 III | |
ι | 99 | Syrma | 4,08 | 70 | F7 V |
ο | 9 | 4,12 | 171 | G8 IIIa CN-1Ba1CH1 | |
κ | 98 | 4,18 | 224 | K2.5 III Fe-0.5 | |
τ | 93 | 4,23 | 218 | A3 V | |
θ | 51 | 4,38 | 415 | A1 IV + Am | |
110 | 4,39 | 183 | K0.5 IIIb Fe-0.5 | ||
λ | 100 | Khambalia | 4,52 | 187 | A2m |
π | 8 | 4,65 | 360 | A5 V | |
χ | 26 | 4,66 | 320 | A4 V | |
74 | 4,68 | 430 | M2 III | ||
61 | 4,74 | 28 | G6 V | ||
69 | 4,76 | 258 | K0 III-IV CN2Fe0.5 | ||
ψ | 40 | 4,77 | 420 | M3 IIICa-1 | |
σ | 60 | 4,78 | 540 | M1 III | |
φ | 105 | 4,81 | 135 | G2 IV | |
χ | 2 | 4,84 | 120 | K2 III-IIIb CN1 | |
ρ | 30 | 4,88 | 120 | A0 V | |
78 | 4,92 | 183 | A1p SrCrEu | ||
ET | 4,93 | 540 | M2 IIIa | ||
89 | 4,96 | 242 | K0.5 III-IIIb | ||
c | 16 | 4,97 | 285 | K0 IIIb Fe-1 | |
70 | 4,97 | 59 | G4 V | ||
CU | 4,99 | 262 | A0 VpSi | ||
m | 82 | 5,03 | 460 | M1.5 III | |
53 | 5,04 | 106 | F5 III-IV | ||
HR 5392 | 5,10 | 151 | A5 V | ||
υ | 5,14 | 274 | G9 III | ||
49 | 5,15 | 306 | K2 III | ||
p | 90 | 5,16 | 254 | K2 III | |
e | 59 | 5,19 | 59 | G0 V | |
32 | 5,22 | 244 | F0 IIIm | ||
h | 76 | 5,21 | 264 | K0 III | |
57 | 5,21 | 127 | K1 III-IV | ||
ω | 1 | 5,24 | 480 | M4 III | |
68 | 5,27 | 500 | M0 III | ||
A1 | 4 | 5,31 | 192 | A1 | |
55 | 5,31 | 126 | G6 V | ||
HR 5013 | 5,33 | 300 | K3 III | ||
84 | 5,35 | 217 | K2 III | ||
b | 7 | 5,36 | 276 | A1 V | |
63 | 5,36 | 320 | K III | ||
87 | 5,41 | 640 | M2 IIIab | ||
106 | 5,42 | 480 | K5 III | ||
95 | 5,46 | 179 | F2 IV | ||
q | 21 | 5,48 | 262 | A0 V | |
86 | 5,50 | 380 | G8 III |
D'Spica ass e Méifachstäresystem dee vun eis op enger Distanz vun 272 Liichtjoer läit. Den Haaptstär ass e Risestär dee wäiss a mat der 2300-facher Liichtkraaft vun eiser Sonn liicht. De Stär pulséiert schwaach iwwer en Zäitraum vun 0,174 Deeg an ännert dobäi liicht seng Hellegkeet. Am Ofstand vun 0,12 astronomeschen Eenheeten ëmkreest e klenge Begleetstär den Haaptstär a ronn véier Deeg. Opgrond vum geréngen Ofstand ass de Stär am Teleskop net ze gesinn. D'Spika ass e bedeckungsverännerleche Stär.
102 Liichtjoer ass deen zweethellste Stär ewech, a liicht giel.
Säin Numm ass, Vindemiatrix, a bedeit „Wäilieserin“.
Siichtbar Duebelstären
System | m | Ofstand |
---|---|---|
Porrima | 3,65 / 3,68 | 0,5” |
θ | 4,4 / 8,6 | 7,2” |
φ | 5,0 / 9,2 | 4,7” |
Porrima (γ Virginis) läit 39 Liichtjoer vun eis ewech an ass en Duebelstär. Déi zwéi Stäre sinn ongeféier gläich grouss an ëmkreese sech an 172 Joer. Wärend engem Ëmlaf verännert sech de Wénkelofstand relativ staark. Am Joer 1920 gouf mat 6,2 Bousekonnen de gréissten Ofstand erreecht an d'Stäre konnte mat engem klengen Teleskop gesi ginn. 2008 ass de klengsten Ofstand erreecht an d'Stäre stinn nëmmen 0,3 Bousekonnen auserneen.
Verännerlech Stären
Stär | m | Period | Typ |
---|---|---|---|
Spica | 0,98 | 0,174 Deeg / 4,014 Deeg | Pulsationsverännerlechen Bedeckungsverännerlechen |
R | 7 bis 11 | 145,5 Deeg | Mira-Stär |
R Virginis ass e verännerleche Stär vum Typ Mira. Seng Hellegkeet ännert sech staark iwwer en Zäitraum vun 145,5 Deeg
Messier (M) | NGC | m | Typ |
---|---|---|---|
49 | 8,4 | elliptesch Galaxie | |
58 | 9,7 | Spiralgalaxie | |
59 | 9,6 | elliptesch Galaxie | |
60 | 8,8 | elliptesch Galaxie | |
61 | 9,7 | Spiralgalaxie | |
84 | 9,1 | elliptesch Galaxie | |
86 | 8,9 | elliptesch Galaxie | |
87 | 8,6 | elliptesch Galaxie | |
89 | 9,8 | elliptesch Galaxie | |
90 | 9,5 | Spiralgalaxie | |
104 | 8,0 | Spiralgalaxie | |
4216 | 10,0 | ||
4388 | 11,0 | ||
4429 | 10,0 | ||
4526 | 9,7 | ||
4654 | 10,5 | ||
5634 | 11 | Kugelstärekoup | |
3C273 | 12,9 | Quasar |
De Virgo-Galaxiëkoup ass ronn 60 Millioune Liichtjoer vun eis ewech. Ongeféier 250 vu senge Stäre kann ee mat engem mëttleren Teleskop mat 15 cm Ëffnung gesinn.
M 49 war déi éischt entdeckten Galaxie vum Virgokoup. De Charles Messier huet si am Joer 1771 fonnt. Den M 49 ass och den hellsten Objet am Galaxiëkoup.
D'Spiralgalaxie M 61 gehéiert och zum Virgo-Galaxiëkoup. Nëmmen a groussen Teleskope ginn d'Spiralstrukture siichtbar.
D'Galaxien M 84, M 86, M 87 an M 88 gehéieren zu der Zentralregioun vum Virgokoup. De Messier huet alle véier Galxien an der Nuecht vum 18. Mäerz 1781 entdeckt.
M 84, M 86 und M 87 sinn elliptesch Galaxien, M 88 ass eng Spiralgalaxie.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Virgo (constellation) – Biller, Videoen oder Audiodateien |