Wikipedia:Direkt Läschen

Direkt Läschen ass d'Läsche vun enger Säit, ouni datt déi festgesat Zäit (aacht Deeg) vun der Läschdiskussioun muss agehale ginn. D'Direkt Läsche bezitt sech op Fäll, déi net ausdiskutéiert musse ginn. Déi genee Viraussetzunge sinn an den nofollgenden Direktläschkrittäre festgeluecht.

All Benotzer ka Säite proposéieren, déi direkt solle geläscht ginn, andeems en d'Schabloun {Iwwerschaffen + Läschen} an d'Säit setzt. Wann de betraffenen Artikel vun engem registréierte Benotzer ugeluecht gouf, da soll dee Benotzer op senger Diskussiounssäit mat der Schabloun {Direkt Läschen Info} doriwwer informéiert ginn. IPen z'informéieren ergëtt wéineg Sënn, well de Message Gefor leeft net gelies ze ginn oder déi ugeluecht Säit souwisou Vandalismus oder eng Spillerei vun där IP ass.

All Administrateur (Admin) ka Säiten direkt läschen, am Fall wou s'op d'mannst engem vun de follgende Krittären entspriechen.

Krittären

  • Grondmängel an Artikelen:
  1. Vandalismus, evident Topegkeeten (z. B. „De Pitti ass blöd“)
  2. Testsäiten (an dësem Fall den Auteur duerch d'Schabloun {Test} begréissen)
  3. Ukënnegunge vun Artikelen, quasi eidel Säiten
  4. Texter an enger anerer Sprooch wéi Lëtzebuergesch
  5. Maschinneniwwersetzunge mat destrukturéierter Syntax an onverständleche Sazdeeler/Bedeitungen
eventuell ee vu follgende Punkten als Grond an d'Läschschabloun androen.
  • Spillereien a Witzartikelen
  • Zweifelsfräi Irrelevanz fir eng Enzyklopedie
  • Rechtswidregen Inhalt (Beleidegungen, Menacen, Calomnie a soss flagrant Verstéiss géint de Code civil oder pénal)
  • Verstéiss géint d'Copyright (Text ënner Copyright wuertwiertlech kopéiert)
  • Redundanz: Artikelen, deenen hiren Inhalt schonn an engem Artikele steet
  • Resurectiounen: Eng Kopie vun engem Artikel, dee schonn eng Kéier geläscht gouf oder en änlechen Text, deen d'Relevanzkrittären net erfëllt
  • D'Säit gouf geréckelt an de Säitentitel ass falsch