Willi Forst

Willi Forst
Gebuertsnumm Wilhelm Anton Frohs
Gebuer 7. Abrëll 1903
Wien
Gestuerwen 11. August 1980
Wien
Doudesursaach Kriibs
Nationalitéit Éisträich
Aktivitéit Filmregisseur, Sänger, Dréibuchauteur, Filmschauspiller, Filmproduzent

De Willi Forst, gebuer als Wilhelm Anton Frohs de 7. Abrëll 1903 zu Wien, an och do gestuerwen den 11. August 1980, war en éisträichesche Schauspiller, Dréibuchauteur, Filmregisseur, Filmproduzent a Sänger.

Als Schauspiller war hien am Kino vun 1920 un ze gesinn. Am Joer 1925 gouf hien am Metropoltheater zu Berlin als lyreschen Tenor engagéiert. Seng éischt grouss Roll am Kino krut hien am Film Café Elektric vum Gustav Ucicky mat der Marlene Dietrich an der Haaptroll.

Vun 1933 un huet hien och mat Erfolleg als Regisseur Filmer gedréint wéi eng Franz Schubert-Biographie Leise flehen meine Lieder (1933), weider da Maskerade (1934), Burgtheater (1936), Bel Ami (1939) a Wiener Blut (1942).

Nom Zweete Weltkrich hat hie just nach ee groussen Erfolleg mam Film Die Sünderin (1950) mat der Hildegard Knef an der Haaptroll. Géint dëse Film huet d'kathoulesch Kierch souwuel an Däitschland wéi och zu Lëtzebuerg staark protestéiert, wat awer trotzdeem 7 Milliounen Däitscher net dru gehënnert huet de Film kucken ze goen.

Filmographie

Stommfilmer

als Schauspiller

  • 1920: Der Wegweiser, vum Hans Kottow
  • 1922: Sodom und Gomorrha , vum Michael Curtiz mam Walter Slezak
  • 1922: Oh, du lieber Augustin, vum H.K. Breslauer
  • 1923: Lieb' mich und die Welt ist mein, vum H.K. Breslauer
  • 1924: Strandgut, vum H.K. Breslauer
  • 1927: Die elf Teufel, vum Zoltan Korda a Carl Boese mam Gustav Fröhlich
  • 1927: Café Elektric, vum Gustav Ucicky mam Marlene Dietrich
  • 1927: Die drei Niemandskinder, vum Fritz Freisler mam Adele Sandrock
  • 1928: Amor auf Ski, vum Rolf Randolf mam Harry Liedtke
  • 1928: Ein besserer Herr, vum Gustav Ucicky mam Leo Peukert
  • 1928: Ein Tag Film, vum Max Mack (Kuerzfilm)
  • 1928: Unfug der Liebe, vum Robert Wiene
  • 1928: Die blaue Maus, vum Johannes Guter mam Jenny Jugo
  • 1928: Liebfraumilch, vum Carl Froelich mam Henny Porten
  • 1929: Der Sträfling aus Stambul, vum Gustav Ucicky mam Heinrich George
  • 1929: Die Frau, die jeder liebt, bist du!, vum Carl Froelich mam Henny Porten a Paul Hörbiger
  • 1929: Fräulein Fähnrich, vum Fred Sauer
  • 1929: Die weißen Rosen von Ravensberg, vum Rudolf Meinert
  • 1929: Katharina Knie, vum Karl Grune mam Eugen Klöpfer
  • 1929: Die lustigen Vagabunden, vum Jacob Fleck,
  • 1929: Gefahren der Brautzeit, vum Fred Sauer mam Marlene Dietrich

Tounfilmer

als Schauspiller

  • 1929: Atlantik, vum Ewald André Dupont mam Fritz Kortner
  • 1930: Das Lied ist aus, vum Géza von Bolváry
  • 1930: Der Herr auf Bestellung, vum Géza von Bolváry mam Paul Hörbiger
  • 1930: Ein Burschenlied aus Heidelberg, vum Karl Hartl mam Hans Brausewetter
  • 1930: Ein Tango für Dich, vum Géza von Bolváry
  • 1930: Petit officier… Adieu! , vum Géza von Bolváry
  • 1930: Zwei Herzen im Dreivierteltakt, vum Géza von Bolváry mam Walter Janssen
  • 1931: Der Raub der Mona Lisa, vum Géza von Bolváry mam Gustaf Gründgens a Fritz Odemar
  • 1931: Die lustigen Weiber von Wien, vum Géza von Bolváry mam Paul Hörbiger
  • 1932: Der Prinz von Arkadien, vum Karl Hartl m
  • 1932: Ein blonder Traum, vum Paul Martin mam Lilian Harvey a Willy Fritsch
  • 1932: So ein Mädel vergisst man nicht, vum Fritz Kortner mam Dolly Haas an Oskar Sima
  • 1932: Peter Voss, der Millionendieb, vum Ewald André Dupont mam Alice Treff a Paul Hörbiger
  • 1933: Brennendes Geheimnis, vum Robert Siodmak mam Alfred Abel
  • 1933: Ihre Durchlaucht, die Verkäuferin, vum Karl Hartl mam Liane Haid a Paul Kemp
  • 1934: Ich kenn' dich nicht und liebe dich, vum Géza von Bolváry mam Magda Schneider
  • 1935: So endete eine Liebe, vum Karl Hartl mam Paula Wessely a Gustaf Gründgens
  • 1935: Königswalzer, vum Herbert Maisch mam Paul Hörbiger a Curd Jürgens
  • 1954: Bei Dir war es immer so schön, vum Hans Wolff mam Heinz Drache a Georg Thomalla
  • 1954: Weg in die Vergangenheit, vum Karl Hartl mam Paula Wessely an Attila Hörbiger
  • 1955: Ein Mann vergißt die Liebe, vum Volker von Collande mam Willy Birgel a Maria Holst

als Regisseur a Schauspiller

als Regisseur

Literatur

Um Spaweck