Yoon Suk-yeol
Dësen Artikel iwwer e Politiker ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Yoon Suk-yeol | |
---|---|
Gebuer | 18. Dezember 1960 |
Nationalitéit | Südkorea |
Aktivitéit | Procureur, Affekot, Politiker |
De Yoon Suk-yeol (윤석열), gebuer den 18. Dezember 1960 zu Seodaemun-gu, zu Seoul, ass e südkoreanesche Politiker a fréiere President a Procureur général vu Südkorea.
2022 ass hie fir déi konservativ Partei Gungminui-him bei der Presidentschaftswal als Kandidat ugetrueden a gouf den 9. Mäerz mat 48,6 % vun alle Stëmmen zum President gewielt.[1] Hie gouf den 10. Mee 2022 vereedegt.[2]
De 14. Dezember 2024 huet d'Parlament mat enger Zweedrëttelmajoritéit dofir gestëmmt, datt eng Ofsetzungsprozedur géint hien ageleet sollt ginn, dat nodeems hien e puer Deeg éischter d'Krichsrecht ausgeruff (a kuerz drop nees zeréckgezunn) hat.[3]
Um Spaweck
Commons: Yoon Suk-yeol – Biller, Videoen oder Audiodateien |
Referenzen
- ↑ "Südkorea steht vor Machtwechsel." tagesschau.de, 2022-03-09, gekuckt:2022-03-09.
- ↑ Archive copy Archivéiert de(n) 15.05.2022. Gekuckt de(n) 15.07.2022.
- ↑ (lb)Südkorea: Parlament stëmmt dofir, dass de President Yoon säi Poste verloosse muss. www.rtl.lu. Gekuckt de(n) 14.12.2024.