Den Numm Googol huet den néngjärege Milton Sirotta 1938 erfonnt wéi säi Monni, de Mathematiker Edward Kasner, hie gefrot huet en Numm fir dës Zuel ze sichen.
Googolplex
D'Zuel heescht Googolplex, et ass eng Eent mat Googol Nullen. Dës Zuel wäert ni kënnen ausgeschriwwe ginn, well et am Universum manner Deelecher gëtt wéi dës Zuel Nullen huet.
Bekanntheetsgrad
D'Internet-Sichmaschinn Google leet hiren Numm vu Googol of a wëll sou op déi grouss Zuel vu Websäiten hiweisen, déi duerch si fonnt kënne ginn.
Et existéiert e Roman vum Hans Dieter Klein mat dem Numm Googol an der Fortsetzung Googolplex.