Ministère de la Fonction publique

Ministère de la Fonction publique
Fréiere Sëtz vum Ministère
Ministère fir d'Fonction publique
Land Lëtzebuerg
Minister Serge Wilmes
Verwaltungssëtz Lëtzebuerg
Adress 10, Avenue John F. Kennedy L-1855 Lëtzebuerg
Ënnersteet der/dem Lëtzebuerger Regierung
Um Spaweck https://mfp.gouvernement.lu/

De Ministère fir d'Fonction publique (fr: Ministère de la Fonction publique, gekierzt MFP) ass e Ministère zu Lëtzebuerg.

Allgemenges

D'Haaptziler vum Ministère fir d'Fonction publique si fir sech ëm en attraktiven an exemplareschen ëffentlechen Déngscht anzesetzen, dee vu performantem Personal geréiert gëtt a fir en ëffentlechen Déngscht vun héijer Qualitéit ze suergen, deen op einfachen, innovativen an effikasse Reglementer baséiert.

Kompetenz vum Ministère

Zu de Missioune vum Ministère fir d'Fonction publique zielen:

  • eng effikass Gestioun vum Personal am ëffentlechen Déngscht ze ënnerstëtzen
  • eng organisatoresch Maturitéit am ëffentlechen Déngscht ze fërderen
  • an de Ressources humaines an an der Organisatioun, Methoden auszeschaffen, bei deenen de Client am Mëttelpunkt steet
  • e gesetzleche Kader festzehalen, deen den Ufuerderunge vun engem kompetenten an attraktiven ëffentlechen Déngscht entsprécht.

D'Servicer a Verwaltungen déi ënnert d'Kompetenz vum Ministère fir d'Fonction publique falen, sinn am interne Reglement vun der Regierung festgehalen[1]. Dozou gehéieren ë. a.:

  • Allgemeng Politik am Kader vum Statut, de Paien an der Gestioun vum Staatspersonal
  • Allgemeng Politik vun der sozialer Verantwortung vum Staat als Patron
  • Ënnerstëtzung a Begleedung fir d'Ministèren a staatlech Verwaltungen a punkto organisatoresch Entwécklung
  • Gesetzgebung a Reglementatioun bezüglech dem Staatspersonal
  • Regierungsverwaltung
  • Gestioun vun de medezinesche Servicer vum ëffentleche Secteur
  • Zenter fir d'Gestioun vum Personal an d'Organisatioun vum Staat
  • Regierungskommissariat fir Disziplinaraffären
  • Nationaalt Institut vun der ëffentlecher Verwaltung
  • Nationale Service fir d'Sécherheet am ëffentlechen Déngscht
  • Pensiounskommissioun
  • Conseil de discipline

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Ministère de la Fonction publique – Biller, Videoen oder Audiodateien
  • De Ministère op gouvernement.lu, der Websäit vun der Regierung

Referenzen an Notten

  1. Constitution des Ministères am Arrêté grand-ducal du 27 novembre 2023 portant approbation et publication du règlement interne du Gouvernement.