Porto (Portugal)
Dëse Geographiesartikel iwwer Portugal ass eréischt just eng Skizz. Wann Dir méi iwwer dëst Theema wësst, sidd Dir häerzlech invitéiert, aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann Dir beim Schreiwen Hëllef braucht, da luusst bis an d'FAQ eran. |
| ||||
---|---|---|---|---|
Avenida dos Aliados | ||||
Land | Portugal | |||
Regioun : | Região Norte | |||
Ënnerregioun : | Grande Porto | |||
Distrikt : | Porto | |||
Fläch : | 1.575 km² | |||
Awunner : | 227 790 Aw. (2006) | |||
Koordinaten : | 41° 10’ 00’’ N 08° 35’ 00’’ W | |||
Lag vu Porto a Portugal |
Porto ass mat 227 790 Awunner no Lissabon déi zweetgréisst Stad a Portugal. Si läit um Floss Douro, kuerz viru senger Amündung an d'Mier.Ongeféier 15 km flossopwäerts läit Leixões,den Hafe vu Porto.
Kuckeswäertes
Kuckeswäertes
- Kathedral a Bëschofspalais
- Déi al Eisebunnsbréck Maria-Pia-Bréck, déi vun 1876 - 1877 vum Gustave Eiffel entworf a gebaut gouf.
- D'Dom-Luís-Bréck, déi Porto mat Vila Nova de Gaia verbënnt, der Haaptstad vun der Portosproduktioun. Dës Bréck ass net vum Gustave Eiffel, mä vu sengem Schüler Théophile Seyrig entworf a vun der Société Willebroeck vun 1881 bis 1886 gebaut ginn.
- Bolsa (Bourse)
- Café Majestic (Rua Santa Catarina)
- Ribeira (Alstadt um Uwänner vum Douro)
- Torre dos Clérigos
- Palácio de Cristal
- Castelo do Queijo
- Praça da Liberdade
- De Musée fir Modern Konscht: Museu de Arte Contemporânea da Fundação Serralves e Muséesgebai, dat vum Álvaro Siza entworf gouf.
- Casa da Música
- Museu do Carro Eléctrico (Tramsmusée)
- Bootsfaart um Douro
Kultur
Zanter 1996 ass den historeschen Zentrum vu Porto op der Lëscht vun der UNESCO vun de Weltkulturierwen.
Illustratiounen
-
Kathedral vu Porto
-
Douro Floss vun der Uewerstad aus gesinn
-
D'Chamber vu Porto
-
D'Stadhaus vu Porto
-
D'Stadhaus vu Porto
Kuckt och
- Lëscht vun de portugisesche Stied
- Lëscht vun de portugisesche Groussstied
- Lëscht vun de Weltierwen (Europa)
Um Spaweck
Commons: Porto – Biller, Videoen oder Audiodateien |