Regioun Lappland
Regioun Lappland | |
---|---|
![]() | |
Informationen | |
Land | ![]() |
Regiounen: | 1 |
Gemengen: | 21 |
Verwaltungssëtz: | Rovaniemi |
Fläch: | 98.987 km² |
Awunner: | 185.221 (31. Juni 2006) |
Lokalisatioun | |
![]() |
D'Regioun Lappland op Finnesch Lapin maakunta,, Schweedesch Lappland, a Samesch Lappi, ass eng Regioun vu Finnland mat 21 Gemengen.
D'Regioun Lappland
D'Regioun Lappland ass déi nërdlechst vun den 19 finnesche Regiounen, an ëmfaasst de finneschen Deel vu Lappland.
Mat enger Fläch vun 98.987 km² ass et gréisst finnesch Regioun, a mat enger Bëlkerungsdicht vun 2 Awunner op de Kilometerkarree, déi Géigend a Finnland déi am mannste bewunnt ass.
De Verwaltungssëtz a gréisst Stad an der Regioun ass Rovaniemi.
D'Urbevëlkerung vu Lappland, d'Sami sinn nach just eng kleng Minoritéit, hunn awer an e puer Géigende vun der Regioun verschidde Prioritéiten.
Gemengen an der Regioun
|
Déi 21 Gemenge sinn zu sechs Verwaltungsgemeinschaften zesummegeschloss. Dat si lokal territorial Unitéite fir kommunal Zesummenaarbecht.
Verwaltungsgemeinschaft | Gemengen |
---|---|
Fjell-Lappland | Enontekiö, Kittilä, Kolari, Muonio |
Kemi-Tornio | Kemi, Keminmaa, Simo, Tervola, Tornio |
Nordlappland | Inari, Sodankylä, Utsjoki |
Ostlappland | Kemijärvi, Pelkosenniemi, Posio, Salla, Savukoski |
Rovaniemi | Rauna, Rovaniemi |
Tornio-Tal | Pello, Ylitornio |
Referenzen
- ↑ Väestörekisterikeskus (Awunnerregistréierungszentrum) Archivéiert de(n) 06.08.2009. Gekuckt de(n) 16.10.2009.
Um Spaweck
Commons: Lapland, Finland – Biller, Videoen oder Audiodateien |