Richard Attenborough

Richard Attenborough
Gebuertsnumm Richard Samuel Attenborough
Gebuer 29. August 1923
Cambridge
Gestuerwen 24. August 2014
Doudesursaach Häerzschwächt
Nationalitéit Vereenegt Kinnekräich
Educatioun Royal Academy of Dramatic Art
Aktivitéit Dréibuchauteur, Filmproduzent, Filmschauspiller, Filmregisseur, Politiker, Universitéitsprofesser, Theaterschauspiller, Schauspiller, Regisseur
Partei Labour Partei
Famill
Bestuet mat Sheila Sim
Geschwëster David Attenborough
Kanner Charlotte Attenborough

De Richard Samuel Attenborough, Baron Attenborough, gebuer den 29. August 1923 zu Cambridge, England an och do gestuerwen de 24. August 2014, war en englesche Schauspiller, Filmregisseur a Filmproduzent.

Mat 17 Joer huet de Richard Attenborough zu London op der Royal Academy of Dramatic Art studéiert. Am Joer 1942 krut hie seng éischt Roll am West End Theatre. Am selwechte Joer huet hien och am Film In Which We Serve vum Noël Coward an David Lean seng éischt Roll gespillt. Weider Optrëtter als Schauspiller hat hien a bedeitende Filmer wéi an dem Zweete Weltkrichs Film A Matter of Life and Death (1946) vum Michael Powell an Emeric Pressburger an am Kriminalfilm The League of Gentlemen (1959) vum Basil Dearden. Weider war hien am Krichsfilm The Great Escape (1963) vum John Sturges, dee sech an engem Gefangenelager ofgespillt huet, ze gesinn. An The Flight of the Phoenix (1965) vum Robert Aldrich war hien ee vun de Passagéier vun engem Fliger deen an der Wüst erofgefall war. An am Science-Fiction-Film Jurassic Park (1993) vum Steven Spielberg huet hien den Direkter vum engem Park mat Dinosaurier gespillt.

Am Joer 1969 huet hie mat Oh, What a Lovely War säin éischte Film als Regisseur gedréint. Bekannt Filmer vun him als Regisseur sinn de Krichsfilm A Bridge Too Far (1977) mam Dirk Bogarde, Sean Connery, Gene Hackman, Michael Caine, Maximilian Schell an Hardy Krüger an den Haaptrollen an dann nach am Joer 1982 Gandhi mam Ben Kingsley a Candice Bergen eng Biographie vum Mahatma Gandhi.

Filmographie

Kino

als Schauspiller

vun 1942 bis 1949

  • 1942: In Which We Serve, vum Noël Coward an David Lean mam Noel Coward a Michael Wilding
  • 1943: Schweik's New Adventures, vum Karel Lamac mam Lloyd Pearson
  • 1944: The Hundred Pound Window, vum Brian Desmond Hurst mam Anne Crawford an David Farrar
  • 1945: Think It Over, vum Roy Ward Baker (Kuerzfilm)
  • 1945: Journey Together, vum John Boulting mam Jack Watling an David Tomlinson
  • 1946: A Matter of Life and Death, vum Michael Powell und Emeric Pressburger mam David Niven a Kim Hunter
  • 1946: School for Secrets, vum Peter Ustinov mam Ralph Richardson
  • 1947: The Man Within, vum Bernard Knowles mam Michael Redgrave an Joan Greenwood
  • 1947: Dancing with Crime, vum John Paddy Carstairs
  • 1947: Brighton Rock , vum John Boulting mam Hermione Baddeley
  • 1948: London Belongs to Me, vum Sidney Gilliat mam Alastair Sim a Fay Compton
  • 1948: The Guinea Pig, vum Roy Boulting mam Bernard Miles
  • 1949: The Lost People, vum Muriel Box a Bernard Knowles mam Dennis Price a Mai Zetterling
  • 1949: Boys in Brown , vum Montgomery Tully mam Jack Warner an Dirk Bogarde

vun 1950 bis 1959

  • 1950: Morning Departure, vum Roy Ward Baker mam John Mills an Nigel Patrick
  • 1951: Hell Is Sold Out, vum Michael Anderson mam Mai Zetterling an Herbert Lom
  • 1951: The Magic Box, vum John Boulting mam Robert Donat a Maria Schell
  • 1952: Gift Horse , vum Compton Bennett mam Trevor Howard an James Donald
  • 1950: Father's Doing Fine, vum Henry Cass
  • 1954: Eight O'Clock Walk, vum Lance Comfort mam Cathy O'Donnell
  • 1952: The Ship That Died of Shame, vum Basil Dearden mam George Baker a Virginia McKenna
  • 1956: Private's Progress, vum John Boulting mam Dennis Price an Terry-Thomas
  • 1956: The Baby and the Battleship, vum Jay Lewis mam John Mills an André Morell
  • 1957: Brothers in Law , vum Roy Boulting mam Ian Carmichael an Terry-Thomas
  • 1957: The Scamp , vum Wolf Rilla
  • 1958: Dunkirk, vum Leslie Norman mam John Mills
  • 1958: The Man Upstairs, vum Don Chaffey mam Bernard Lee an Donald Houston
  • 1958: Sea of Sand, vum Guy Green mam Michael Craig a Percy Herbert
  • 1958: I'm All Right, Jack, vum John Boulting mam Terry-Thomas a Peter Sellers
  • 1959: Danger within vum Don Chaffey mam Richard Todd a Michael Wilding
  • 1959: Jet Storm, vum Cy Endfield mam Stanley Baker an Diane Cilento
  • 1959: S.O.S. Pacific, vum Guy Green mam Pier Angeli an Eva Bartok
  • 1960: The Angry Silence, vum Guy Green mam Pier Angeli a Michael Craig
  • 1959: The League of Gentlemen, vum Basil Dearden mam Jack Hawkins an Nigel Patrick

vun 1960 bis 1969

vun 1970 bis 1979

vun 1990 bis 2001

als Regisseur

Um Spaweck

Commons: Richard Attenborough – Biller, Videoen oder Audiodateien