Spiller vun de klenge Länner

D'Spiller vun de klenge Länner (JPEE) ass ee Multisportevenement bei deem déi klengst Staate vun Europa matmaachen. Si gi vun den Nationalen Olympesche Kommiteeë vun 8 europäesche Klengstaaten zanter 1985 all 2 Joer organiséiert.
Startberechtegung
Fir kënne bei de Spiller matzemaachen, mussen d'Länner een onofhängegen NOK hun, an Europa leien a manner wéi eng Millioun Awunner hunn. Follgend Länner hu manner wéi eng Millioun Awunner:
Land | Awunnerzuel | Bemierkung |
![]() |
788.000 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
618.000 | zanter 2006 onofhängeg mä nach net deelgeholl |
![]() |
470.000 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
401.000 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
316.252 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
82.600 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
48.100 | nach keen onofhängege Staat |
![]() |
35.800 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
32.500 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
29.000 | zanter 1985 dobäi |
![]() |
803 | net derbäi well keen NOK |
Disziplinnen
Bei de Spiller vun de klenge Länner gëtt et eng variabel Zuel vun Disziplinnen. Bei de Spiller vun de klenge Länner 2009 zu Zypern gëtt et déi heiten: Basketball, Beach-Volleyball, Dëschtennis, Judo, Liichtathleetik, Mountainbike, Seegelen, Schéissen, Schwammen, Tennis, Turnen a Volleyball.
Wou se ausgedroe ginn
- 1985 – San Marino, San Marino
- 1987 – Monaco
- 1989 – Nikosia, Zypern
- 1991 – Andorra la Vella, Andorra
- 1993 – Valletta, Malta
- 1995 – Lëtzebuerg, Lëtzebuerg
- 1997 – Reykjavík, Island
- 1999 – Vaduz, Liechtenstein
- 2001 – San Marino, San Marino
- 2003 – Valletta, Malta
- 2005 – Andorra la Vella, Andorra
- 2007 – Monaco
- 2009 – Nikosia, Zypern
- 2011 – Schaan, Liechtenstein
- 2013 – Lëtzebuerg, Lëtzebuerg
- 2015 – Reykjavík, Island
- 2017 - San Marino, San Marino
- 2019 - Budva, Montenegro
- 2021 - wéinst der COVID-19-Pandemie ofgesot
- 2023 - Valletta, Malta
Éiwege Medailespigel
Spiller vun de klenge Länner Éiwege Medailesspigel (Stand: 2017) | |||||
---|---|---|---|---|---|
Plaz | Land | Gold | Sëlwer | Bronze | Total |
1 | ![]() |
479 | 367 | 358 | 1204 |
2 | ![]() |
468 | 398 | 354 | 1220 |
3 | ![]() |
369 | 371 | 346 | 1086 |
4 | ![]() |
119 | 148 | 220 | 487 |
5 | ![]() |
67 | 132 | 193 | 392 |
6 | ![]() |
64 | 73 | 94 | 231 |
7 | ![]() |
61 | 109 | 141 | 311 |
8 | ![]() |
45 | 89 | 118 | 252 |
9 | ![]() |
35 | 12 | 24 | 71 |