Tyria jacobaeae
Tyria jacobaeae | |||||||||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
Systematik | |||||||||||||||
| |||||||||||||||
Wëssenschaftlechen Numm | |||||||||||||||
'Tyria jacobaeae' |
Tyria jacobaeae ass eng Päiperleksaart aus der Famill vun den Arctiidae.
Se huet eng Spanwäit vun 3,5 bis 4,5 cm a flitt vun Abrëll bis Juli. Et gëtt just eng Generatioun am Joer.
Raup
D'Raupe sinn opfälleg giel a schwaarz gesträift an erniere sech vu Juli bis September bal nëmme vun de Blieder a Bléie vum Jakobsstaf (Senecio jacobaea). Well dës Planz gëfteg ass, si se net genéissbar fir hir Friessfeinden, soudatt se trotz der opfälleg Fierwung zwar liicht erkannt, awer meeschtens mat Rou gelooss ginn.
De Wanter verbrénge se als Popp ënner dem Buedem.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Tyria jacobaeae – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Lepiforum e. V. Taxonomie a Fotoen