Volans (Stärebild)
Date vum Stärebild Volans | |
---|---|
Lëtzebuergeschen Numm | Volans |
Däitschen Numm | Fliegender Fisch |
Laténgeschen Numm | Volans |
Laténgesche Geenitiv | Volantis |
Laténgesch Ofkierzung | Vol
|
Positioun | um südlechen Himmel |
Rektaszensioun | 6h 31’ bis 9h 04m |
Deklinatioun | -64° 05’ bis -75° 30’ |
Fläch | 141 Quadratgrad |
Siichtbar op de Breetegraden | 14° Nord bis 90° Süd |
Observatiounszäitraum fir Mëtteleuropa |
net ze gesinn |
Zuel vu Stäre mat Gréisst < 3m |
keen |
Hellste Stär, Gréisst |
β Voantis, 3,77m |
Meteorstréim | - |
Nopeschstärebiller (vun Norden am Auerzäresënn) |
Carina Pictor Dorado Mensa Chamaeleon |
D'Stärebild Volans oder Pisces Volans (laténgesch), op Däitsch: „Fliegender Fisch“, ass eng Konstellatioun um südleche Stärenhimmel.
Beschreiwung
De Volans ass en onopfällegt Stärebild südlech vum Carina. Kee vu senge Stären ass méi hell wéi déi 3. Gréissteklass.
Geschicht
De Volans gehéiert zu de Stärebiller, déi Enn vum 16. Joerhonnert vun den hollännesche Séifuerer Pieter Dirkszoon Keyser a Frederik de Houtman agefouert goufen. De Johannes Bayer huet d'Stärebild am Joer 1603 a sengem Himmelsatlas Uranometria iwwerholl.
Himmelsobjeten
Stären
B | F | Nimm o. aner Bezeechnungen | m | Lj | Spektralklass |
---|---|---|---|---|---|
β | 3,77 | 108 | K1 III | ||
γ2 | 3,78 | 142 | K0 III | ||
ζ | 3,93 | 134 | K0 III | ||
δ | 3,97 | 660 | F6 II | ||
α | 4,00 | 124 | A2-3 IVm | ||
ε | 4,35 | 642 | B6 IV | ||
HR 3280 | 5,06 | 296 | K1 III | ||
HR 2662 | 5,18 | 290 | K3 III | ||
θ | 5,19 | 239 | A0 V | ||
η2 | 5,28 | 356 | A0-1 IV-V | ||
κ1 | 5,33 | 391 | B9 III-IV | ||
HR 3537 | 5,34 | 171 | F5 IV | ||
ι | 5,41 | 559 | B7 IV | ||
κ2 | 5,63 | ||||
γ1 | 5,68 |
Den hellste Stär am Volans ass de β Volantis. Hien ass 108 Liichtjoer vun eiser Äerd ewech, seng Spektralklass ass K2 III, hie liicht orange.
Duebelstären
System | m | Ofstand |
---|---|---|
γ | 3,78 / 5,68 | 13,6" |
κ | 5,33 / 5,63 / 8,5 | 65" / 37,7" |
Den zweethellste Stär, γ Volantis, ass een Duebelstäresystem op enger Distanz vun 142 Liichtjoer. De Wénkelofstand ass mat 13,6 Bousekonnen zimmlech grouss.
De κ Volantis ass een Dräifachstäresystem op enger Distanz vun 393 Liichtjoer. Déi hellste Komponent ass de κ1, ee bloe Risestär mat der Spektralklass B9. Op engem Ofstand vu 65 Bousekonnen ass de κ², een Ënnerris mat der Spektralklass A0. Weider 37,7 Bousekonnen ewech steet déi drëtt Komponent, den κ Volantis C. κ1 an den κ2.
Den Epsilon Volantis (ε Volantis) ass e weidert Dräifachstäresystem.
NGC-Objeten
NGC | divers | m | Typ | Numm |
---|---|---|---|---|
2442 | Galaxis |
Am Volans fënnt een och d'Balkespiralgalaxis NGC 2442.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Volans – Biller, Videoen oder Audiodateien |