Wes Anderson

Wes Anderson
Gebuertsnumm Wesley Wales Anderson
Gebuer 1. Mee 1969
Houston
Nationalitéit USA
Educatioun University of Texas
Aktivitéit Filmregisseur, Dréibuchauteur, Filmproduzent, Schrëftsteller, Schauspiller, Animateur, Produzent, Regisseur
Member vun WGA West, Directors Guild of America
De Wes Anderson

De Wes Anderson, gebuer als Wesley Wales Anderson den 1. Mee 1969 zu Houston, Texas, ass en US-amerikanesche Filmproduzent, Dréibuchauteur, Schauspiller a Filmregisseur.

Den Anderson huet Philosophie op der University of Texas studéiert. Op der Universitéit huet hien den Owen Wilson kenne geléiert.Zesummen hu si ugefaangen Dréibicher ze schreiwen, déi de Wes da verfilmt huet.

Filmographie

  • 1994: Bottle Rocket (Kuerzfilm)
  • 1996: Bottle Rocket, mam Luke Wilson a Owen Wilson
  • 1998: Rushmore, mam Jason Schwartzman a Bill Murray
  • 2001: The Royal Tenenbaums, mam Gene Hackman an Anjelica Huston
  • 2004: The Life Aquatic with Steve Zissou, mam Bill Murray a Cate Blanchett
  • 2007: Hotel Chevalier (Kuerzfilm)
  • 2007: The Darjeeling Limited, mam Owen Wilson an Adrien Brody
  • 2009: Fantastic Mr. Fox, mam George Clooney (Stëmm) a Meryl Streep (Stëmm)
  • 2012: Moonrise Kingdom, mam Bruce Willis an Tilda Swinton
  • 2012: Cousin Ben Troop Screening with Jason Schwartzman (Kuerzfilm)
  • 2013: Prada: Candy (Kuerzfilm)
  • 2014: Castello Cavalcanti (Kuerzfilm)
  • 2014: The Grand Budapest Hotel, mam F. Murray Abraham a Ralph Fiennes

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Wes Anderson – Biller, Videoen oder Audiodateien