Gare Ëlwen
![]() | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1866 |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Ëlwen |
Uertschaft | Ëlwen |
Koordinaten | 50°7'10"N, 5°59'28"O |
Héicht i. M. | 434 m |
Reseau | |
Bedreiwer | CFL |
Gleiser | 4 |
Gleiser mat Quai | 3 |
Passagéier/Joer | 261.756 |
(2022) | |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Gouvy, Gare Klierf |
![]() |
D'Gare vun Ëlwen ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit um Wupp vum CR374A (Rue de la Gare) westlech vum Zentrum vun Ëlwen, an der Gemeng mam selwechten Numm.
D'Gare Ëlwe gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy) - (Léck - Liers),
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
Et ass déi lescht Gare op der Nordstreck, tëscht der Gare Klierf an der belscher Grenz. Déi éischt Gare an der Belsch ass zu Gouvy.
Virun an hannert der Gare Ëlwe gouf et zwou Halten, déi mëttlerweil net méi ugefuer ginn: südlech vun Ëlwen, d'Halt op der Maulesmillen, déi zënter dem 14. Dezember 2014 zou ass an nërdlech vun Ëlwen, d'Gare vu Bellain, déi den 22. Mee 1998 fir zerguttst zougemaach gouf.
De Parking bei der Gare Ëlwen ass zënter 2022 gespaart fir do en iwwerdeckte Park & Rail-Parking mat 338 Plazen ze bauen. Ursprénglech fir Enn 2024 geplangt[1], soll den neie Parking 2025/26 opgoen[2]. E provisoresche gratis Parking mat 130 Parkplaze besteet wärend den Aarbechte beim Foussballterrain (Stade op der Kopp), vu wou aus d'Gare mam RGTR-Bus z'erreechen ass[3]. Zwou speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit gëtt et virun der Gare. Eng Busgare ass direkt niewent der Gare.
Mat der Gratuitéit vum ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg sinn d'Guichete vun der Gare Ëlwen den 1. Mäerz 2020 fir zerguttst zougemaach ginn[4].
Zich déi an der Gare halen
(Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Linn Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech | ||||||
Lëtzebuerg | Klierf | RB[5] RE | Terminus | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg | Klierf | IC | Gäilech | Gäilech - Léck - (Liers) | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen | ||||||
Rodange | Klierf | RE | Terminus | Ëlwen |
Richtung Süden
Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Gare Ëlwen – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Aktuell Departen an der Gare Ëlwen
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Ëlwen op der CFL-Websäit
- D'Gare Ëlwen op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Ëlwen op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg

Referenzen an Notten
- ↑ Thierry Raizer, À Troisvierges, le futur P+R prend forme, pièce après pièce. Blog CFL - Société Nationale des Chemins de Fer Luxembourgeois (16.08.2023). Gekuckt de(n) 11.02.2025.
- ↑ (fr)Patrick Jacquemot, Trois nouveaux P+R des CFL attendus en 2025. Les Frontaliers (03.02.2025). Gekuckt de(n) 11.02.2025.
- ↑ CFL | Troisvierges. www.cfl.lu. Gekuckt de(n) 10.02.2025.
- ↑ (fr)Mobilité: La plupart des guichets CFL du pays vont disparaître dès le 1er mars 2020. infos.rtl.lu (30.07.2019). Gekuckt de(n) 10.02.2025.
- ↑ just zwéin Nuetszich de Weekend