Gare Dummeldeng
![]() Loftbild vun der Dummeldenger Gare, zur Stroossesäit hin (2024) | |
ass eng | Gare |
---|---|
Status | am Gebrauch |
opgaang | 1862 |
genannt no | Dummeldeng |
Lag vun der Statioun | |
Land | Lëtzebuerg |
Gemeng | Lëtzebuerg |
Uertschaft | Dummeldeng |
Koordinaten | 49°38'1,817"N, 6°8'12,048"O |
Héicht i. M. | 237 m |
Reseau | |
Statiounscode | Dm |
Bedreiwer | CFL |
Reseau | CFL-Zuchreseau |
Linn(en) | CFL-Linn 1 |
P.K. | 20,830 km |
Gleiser | 5 |
Gleiser mat Quai | 3 |
Nopeschstatioun(en) |
Gare Walfer, Gare Pafendall-Kierchbierg |
Websäit | https://www.cfl.lu/de-de/network/station/Gare-de-Dommeldange |
![]() |
D'Gare vun Dummeldeng ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit an der Rue de la Station am Quartier Dummeldeng vun der Stad Lëtzebuerg, rechtssäiteg vun der Uelzecht. Südlech vun der Gare läit d'Barriär PN13 iwwer d'Iechternacher Strooss.
D'Gare Dummeldeng läit tëscht der Gare Pafendall-Kierchbierg an där vu Walfer a gehéiert zu follgende Linne vum CFL-Zuchreseau:
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwen - Gäilech (Gouvy),
- Lëtzebuerg - Ettelbréck - Dikrech,
- Rodange - Esch-Uelzecht - Lëtzebuerg - Ëlwen.
D'Gare vun Dummeldeng huet e gratis Park & Rail-Parking mat 148 Plazen a 6 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.
Geschicht
Fréier war Dummeldeng eng wichteg Gare op der Nordstreck. Wéi d'Dummeldenger Schmelz nach a Betrib war, ass d'Minett mat der Eisebunn op Dummeldeng komm an déi fäerdeg Stolproduitë si vun hei aus uechter d'Land, an an d'Ausland gefouert ginn.
Mam Enn vun der Stolproduktioun op der Dummeldenger Schmelz huet den Trafick zwar ofgeholl, mä wéinst hirer Lag um ënneschten Enn vun der 13 ‰ géier Pente bis an d'Stater Gare huet d'Dummeldenger Gare weiderhi vill Zich passéiere gesinn. Déi schwéier Kocksrammen déi aus Däitschland iwwer d'Belsch an d'Minettsgéigend koumen, kruten hei eng weider Lokomotiv ugekrämpt ier et déi géi Pente an d'Stad erop goung.
Zich déi an der Gare halen
(Stand: Februar 2025)
Richtung Norden
Aus Richtung | Halt virdrun | Zuch | Nächst Halt | A Richtung | ||
---|---|---|---|---|---|---|
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech | ||||||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | RB[1] RE | Walfer | Ëlwen | ||
Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Dikrech | ||||||
Lëtzebuerg | Pafendall-Kierchbierg | RB | Walfer | Dikrech | ||
Rodange ↔ Esch-Uelzecht ↔ Lëtzebuerg ↔ Ëlwen | ||||||
Péiteng | Pafendall-Kierchbierg | RE | Miersch | Miersch | ||
Rodange | Pafendall-Kierchbierg | RE | Walfer | Ëlwen |
Richtung Süden
Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.
Kuckt och
Um Spaweck
Commons: Gare Dummeldeng – Biller, Videoen oder Audiodateien |
- Praktesch Informatiounen iwwer d'Gare Dummeldeng op der CFL-Websäit
- D'Gare Dummeldeng op der Websäit "rail.lu"
- D'Gare Dummeldeng op der Websäit vu Spoorgroep Luxemburg
Referenzen
- ↑ just zwéin Nuetszich de Weekend