Gare Méchela

Gare Méchela
D'Gare vu Méchela (2012)
ass eng Gare
Status am Gebrauch
opgaang 1874
Lag vun der Statioun
Land Lëtzebuerg
Gemeng Buerschent
Uertschaft Méchela
Koordinaten 49°53'48"N, 6°5'31"O
Héicht i. M. 228 m
Reseau
Statiounscode Mc
Bedreiwer CFL
Reseau CFL-Zuchreseau
P.K. 53,240 km
Gleiser 1
Gleiser mat Quai 1
Nopeschstatioun(en) Gare Giewelsmillen,
Gare Ettelbréck
Lag vun der Gare Méchela
An der Gare zu Méchela; am Hannergrond d'Buerschter Schlass

D'Gare vu Méchela ass eng Gare vun der Lëtzebuerger Eisebunn. Se läit südëstlech vun der N27, tëscht der Strooss Op der Gare an dem Kierfechtswee an der Sektioun Méchela vun der Gemeng Buerschent.

D'Gare Méchela läit tëscht der Gare Ettelbréck an der Gare Giewelsmillen a gehéiert zur Linn Lëtzebuerg - Ettelbréck - Ëlwe vum CFL-Zuchreseau. Se huet e gratis Park & Rail-Parking, 2 Chargy-Bornen an 3 speziell Parkplaze fir Leit mat reduzéierter Mobilitéit. Seng Capacitéit gouf 2021 op 65 Plazen erhéicht[1]. Vëloe kann een an enger Bikebox ënnerdaach stellen.

Zich déi an der Gare halen

(Stand: Februar 2025)

Linn Lëtzebuerg ↔ Ettelbréck ↔ Ëlwen ↔ Gäilech

Richtung Norden

Aus Richtung Halt virdrun Zuch Nächst Halt A Richtung
Lëtzebuerg Ettelbréck   RB[2]   Giewelsmillen Ëlwen
Lëtzebuerg Ettelbréck   RE[3]   Giewelsmillen Ëlwen
Lëtzebuerg Ettelbréck   IC   Kautebaach Gäilech

Richtung Süden

Jeeweils an der entgéintgesater Richtung wéi an der Tabell uewendriwwer.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Gare Méchela – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen

  1. Gemeng Burschent, De Buurschter 2021.02 (Dezember 2021). Gekuckt de(n) 20 Dezember 2021.
  2. just zwéin Nuetszich de Weekend
  3. just de Weekend an op Feierdeeg, als Ersatz fir den IC