Jus
![](http://upload.wikimedia.org/wikipedia/commons/thumb/f/fd/Orange_juice_1.jpg/220px-Orange_juice_1.jpg)
Jus ass d'Flëssegkeet vun ausgepresstem Uebst oder Geméis.
No EU-Liewensmëttelrecht däerf als "Jus" nëmme verkaaft ginn, wat (mat klengen Ausnamen) keng aner Aroma- oder soss Zousazstoffer enthält. Soss muss dat Gedrénks "Nektar" heeschen.
Zocker ass a limitéierte Quantitéiten erlaabt, muss dann ugi ginn. Jus däerf, fir Transportkäschten ze spueren, agedéckst an duerno, beim Afëllen, nees mat Waasser verdënnt ginn.
Beléiftst Jusen an Europa sinn Orangen- an Äppeljus (Viz).
Um Spaweck
Commons: Jusen – Biller, Videoen oder Audiodateien |