Poopst

Poopst (v. griich.: „pappas“ = Papp) ass de geeschtlechen Titel fir de Chef vun der Réimesch-kathoulescher Kierch (och „Hellege Papp“ genannt).

Ënner der Bezeechnung Hellege Stull agéiert de Poopst souwuel eleng, wéi och zesumme mat der Kurie, international a vertrëtt zugläich de Staat Vatikanstad, vun deem hien de Staatschef ass.

Aktuelle Poopst ass de Franciscus, deen den 13. Mäerz 2013 gewielt gouf.

Zanter 1871 residéiert de Poopst am Apostoulesche Palais nieft dem Péitersdoum zu Roum. D'Kathedral vum Poopst (als Bëschof vu Roum) ass d'Lateranbasilika.

Geschicht

De Poopst ass, an der Opfaassung vun der kathoulescher a verschiddenen anere chrëschtleche Kierchen, de Nofollger vum Apostel Péitrus, dee vun dëse Kierchen als éischte Bëschof vu Roum ugesi gëtt a warscheinlech ëm 67 zu Roum als Märtyrer gestuerwen ass (Allerdéngs gëtt et Kritiker an Historiker déi bezweiwelen, dat e jee do war).

Dësen Usproch gëtt mat engem Text aus dem Matthäus-Evangelium (Kapitel 16, Vers 18-19) begrënnt:

"Du bist Petrus und auf diesen Felsen will ich meine Kirche bauen und die Pforten der Hölle sollen sie nicht überwältigen. Und dir will ich geben die Schlüssel über das Himmelreich. Was du auf Erden bindest, soll im Himmel gebunden sein. Und was du auf Erden lösest, soll im Himmel gelöst sein."

An der réimesch-kathoulescher Kierch staamt déi éischt bekannt Relatioun vum Titel „Poopst“ mat dem Bëschof vu Roum aus der Zäit vum Marcellinus († 304), deen an enger Grafschrëft sou bezeechent gouf. De Bëschof Siricus vu Roum (385-399) huet sech selwer als éischten als papa bezeechent. Gesetzlech gouf den Titel Poopst fir de Bëschof vu Roum vum Gregor I. (590-604) festgeluecht.

Zanter dem Leo I. (Bëschof vu Roum 440-461) féiert de Poopst och den Titel Pontifex Maximus (Ieweschte Bréckebauer).

Am Mëttelalter koum et dacks fir, datt et gläichzäiteg méi wéi ee Poopst gouf. Ursaach: D'Kardineel ware sech net eens oder de Keeser an aner aristokratesch Famillen hunn an d'Poopstwal mat agegraff. Dës Agrëffer sinn awer neierdéngs verbueden. Ausserdeem gouf am 14. Joerhonnert d'Residenz op Avignon verluecht an et koum zum grousse Schisma.

Am 15. Joerhonnert krut de Konziliarismus staarken Opdriff, deen duerno awer zeréckgedrängt gouf.

Titel

Dem Poopst seng Titele sinn:

  • Bëschof vu Roum
  • Stellvertrieder vu Jesus Christus op der Äerd (Vicarius Christi)
  • Nofollger vum Péitrus
  • Ieweschte Geeschtleche vun der Weltkierch
  • Ieweschte Bréckebauer Pontifex maximus
  • Patriarch vum Abendland (vun 2006 un net méi)
  • Primas vun Italien
  • Metropolit an Äerzbëschof vun der Kiercheprovënz Roum
  • Souverän vum Staat Vatikanstad
  • Dénger vun den Dénger Gottes (servus servorum dei)

Insignien

  • Poopsttroun
  • Tiara (De Paul VI. war bis elo dee leschte Poopst, dee mat der Tiara gekréint gouf)
  • Ferula (Kräizstaf)
  • Fëscherréng (anulus piscatoris)
  • Pallium
  • verschidde liturgesch Gewänner

Kleedung

00Dëst Kapitel ass nach eidel oder onvollstänneg. Hëlleft wgl. mat, fir et ze komplettéieren.

Kiercherecht

Wal

Dem Kiercherecht no kann all gedeefte männleche Katholik zum Poopst gewielt ginn. Et gëtt keng aner Bestëmmung. Dee leschte Poopst, deen net Kardinol war wéi e gewielt ginn ass, war den Urban VI. am 14. Joerhonnert.

De Poopst gëtt am Konklav (eng Versammlung vun alle Kardineel, déi zum Zäitpunkt vum Doud vum Virgänger manner wéi 80 Joer al sinn) op Liewenszäit gewielt. De Konklav gëtt ëmmer an der Sixtinescher Kapell ofgehalen. D'Walprozedur ass an der Universi Dominici Gregis festgeschriwwen.

Nom Kiercherecht ass de Poopst, wéi och all Bëschof, ëmmer e Mann. Ass deen Neigewielte kee Bëschof oder souguer Laien, da gëtt en nach am Konklav zum Bëschof vu Roum geweit an ass deemno Poopst.

Et gëtt ëmmer nees behaapt, et hätt eng „Peepstin“ ginn, an zwar d'Peepstin Johanna. Et handelt sech awer ëm eng Legend.

Numm vum Poopst

Direkt no der Wal gëtt den neie Poopst gefrot, wat fir en Numm hien unhuele wëllt. Vill Peepst huelen den Numm vun engem bedeitende Virgänger oder vun engem Hellegen un.

Fréier hunn d'Peepst hire biergerleche Virnumm behalen. Den éischte Poopst dee säin Numm g'ännert huet, war de Johannes II. am Joer 533. Hien huet eigentlech Mercurius geheescht, mä hie wollt als Poopst net den Numm vun engem heednesche Gott (Merkur) droen.

Deen éischte Poopstnumm, dee méi dacks gewielt gouf, war de Sixtus (257). Vun do un ginn d'Nimm, déi méi dacks virkommen, mat Hëllef vu réimeschen Zifferen auserneegehalen.

De Jean-Paul I. war den éischten an der Poopstgeschicht, deen en duebelen Numm ugeholl huet, als Erënnerung u seng zwéi Virgänger. Zugläich war dat deen éischten neien Numm zanter 913. Wéi hien no nëmmen 33 Deeg Amtszäit gestuerwen ass, huet säin Nofollger Karol Wojtyla sech de selwechten Numm erausgesicht a gouf du Jean-Paul II. genannt.

Récktrëtt

D'Peepst gi grondsätzlech op Liewenszäit gewielt. D'Kiercherecht gesäit awer och d'Méiglechkeet vun engem Récktrëtt vir:

"Falls der Papst auf sein Amt verzichten sollte, ist zur Gültigkeit verlangt, dass der Verzicht frei geschieht und hinreichend kundgemacht, nicht jedoch, dass er von irgendwem angenommen wird." (Can. 332 — § 2. (Codex Iuris Canonici)).

Et existéiere verschidde Récktrëtt an der Geschicht vun de Peepst: Am bekanntsten däerft de Récktrëtt vum Coelestin V. am Joer 1294 sinn. De Gregor XII. ass bei Geleeënheet vum Konzil vu Konstanz zum Récktrëtt gezwonge ginn. De Benoît IX. war dräimol Poopst an ass dräimol zeréckgetrueden (1044, 1045, 1048). De Jean-Paul II., deen den 2. Abrëll 2005 gestuerwen ass, wollt, trotz senger schlechter Gesondheet, net zerécktrieden. Hie wollt „säi Kräiz droen”, sou wéi de Jesus Christus. Och de Jesus wier net vum Kräiz erofgeklommen. Dem Jean-Paul II. säin Nofollger, de Benoît XVI., ass 2013 aus Altersgrënn zeréckgetrueden.

Positioun a Kritik

De Poopst gëllt an der réimesch-kathoulescher Kierch als ieweschte Chef vun der Weltkierch an als Stellvertrieder Christi op der Äerd. Dësen Usproch gëtt vun all anere Kierchen net unerkannt.

Den Éischte Vatikanesche Konzil (18691870) huet d'Onfeelbarkeet vum Poopst, wat Glawensfroen ubelaangt, zum Dogma erhuewen. Och dësen Usproch gëtt vun den anere Kierche refuséiert. D'Onfeelbarkeetsdogma ass zanter 1870 nëmmen eng Kéier ugewannt ginn an zwar 1950 bei der Formuléierung vum Dogma iwwer d'Himmelfaart vun der Maria. Enzykliken an aner Léierschrëfte vum Poopst si fir d'réimesch-kathoulesch Kierch zwar zwéngend, awer net ouni Weideres als onfeelbar unzegesinn.

An der Aler Kierch gouf et fënnef Patriarchen (d'Reiefolleg war duerch ökumeenesch Konziler festgeluecht:

  1. de Bëschof vu Roum
  2. de Bëschof vu Konstantinopel
  3. de Bëschof vun Alexandria
  4. de Bëschof vun Antiochia
  5. de Bëschof vu Jerusalem

Schonn deemools huet de réimesche Bëschofssëtz als primus inter pares gegollt, well Roum d'Haaptstad vum Réimesche Räich an d'Kierch vu Roum wéinst de Griewer vun den Apostelfürsten Simon Péitrus a Paulus als besonnesch veréierungswierdeg ugesi gouf. Mä och d'Patriarchat vun Antiochia berifft sech drop, datt de Péitrus, ier en op Roum gaangen ass, do den éischte Bëschof war. Ob de Péitrus iwwerhaapt jee eng Kéier zu Roum war, ass ënner den Historiker haut nach ëmstridden.

D'réimesch Péitrustraditioun ass zwar net ausgeschloss a war och an den éischte Joerhonnerte kee wichtegt Theema. Déi fréist schrëftlech Ernimmung, datt d'Bëscheef vu Roum als Nofollger vum Péitrus gëllen, ass beim Poopst Damasus I. am 4. Joerhonnert ze fannen. Do gëtt d'Kierch fir d'éischt exklusiv als „Apostoulesche Stull“ bezeechent; e Privileeg, dee vun den anere Patriarchaten net unerkannt gouf.

Schaarf Kritiker gesinn am Poopsttum d'Fortsetzung vun de Muechtuspréch vum ale Roum. An den éischte Joerhonnerte sinn d'Chrëschte grausam verfollegt ginn an et huet scho vill Courage dozou gehéiert fir Chrëscht ze sinn. An der Zäit vum Keeser Konstantin I. ass d'Chrëschtentum Deel gi vun der keeserlecher Muechtpolitik. D'réimesch Kierch hat am Westen déi traditionell Virherrschaft vu Roum iwwerholl. Sou ass de Poopst lues a lues, wat geeschtlech a weltlech Froen ubelaangt, Herrscher iwwer Kinneken a Vëlker ginn, wat sech awer zanter dem 14. Joerhonnert ëmmer manner duerchsetze gelooss huet.

Literatur

  • Ludwig Ring-Eifel: Weltmacht Vatikan: Päpste machen Politik, Pattloch Verlag München 2004, ISBN 3-629-01679-0
  • Horst Fuhrmann: Die Päpste, Beck, 2004, ISBN 3406510974
  • Max Kerners & Klaus Herbers: Die Päpstin Johanna - Biographie einer Legende, Herder, 2011, 176 S., ISBN 978-3-451-06332-9
  • Alain Boureau: La papesse Jeanne , Flammarion (Champs / Histoire), 1993.
  • Horst Herrmann: Die Heiligen Väter, Berlin, Aufbau-Verlag, 2004, ISBN 3-7466-8110-3
  • Bernard Lecomte: Le roman des papes - De la Révolution française à nos jours, Monaco (Éditions du Rocher), 2011, 253 Säiten, ISBN 978-2-268-07124-4
  • Georg Schwaiger: Papsttum und Päpste im 20. Jahrhundert - Von Leo XIII. zu Johannes Paul II., München, C.H. Beck Verlag, 1999, ISBN 3-406-44892-5
  • Georg Denzler: Das Papsttum, München, C.H. Beck Verlag, 1997, ISBN 3-406-41865-1
  • Ludwig Freiherr von Pastor: Die Geschichte der Päpste, Freiburg im Breisgau, 1928, 15 Bde.
  • Alois Uhl: Die Päpste und die Frauen, München (Piper), 2007, 271 S. (ill.), ISBN 978-3-492-24890-7

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Peepst – Biller, Videoen oder Audiodateien