Waasserball

E Waasserballsmatch
Schema vum Spillfeld

Waasserball ass eng Ekippesportaart déi, wéi den Numm et scho seet, am Waasser ausgedroe gëtt a bei där d'Spiller aus den zwou Ekippe probéiere mussen, de Ball an de géigneresche Gol ze geheien. Gewonnen huet déi Ekipp, déi um Schluss vun enger Partie méi Goler wéi déi aner Ekipp geschoss huet.

Spillweis

Waasserball gëtt mat zwou Ekippe vu sechs Feldspiller an engem Golkipp gespillt. D'effektiv Spillzäit ass no den neie FINA-Reegelen 4 × 8 Minutten. Beim Upëff sprinten déi zwou Ekippe lass a probéieren de Ball, deen an der Mëtt läit, als éischt z'erreechen. Déi Praxis gëtt bei all Véirel widderholl.

De Ball ka mat all Kierperdeel gespillt ginn, awer net mat den zwou Hänn gläichzäiteg. Deen eenzegen, deen de Ball mat méi wéi enger Hand huelen däerf ass de Golkipp.

Zu engem Spillënnerbroch kënnt et wann e Gol geschoss gouf oder e Feeler gemaach gouf. Wann e Gol fält, geet de Ball un d'Ekipp déi de Gol geschoss krut. D'Ekippe musse sech dann an hir Hallschent zeréckzéien.

Zu enger Ënnerbriechung kann et och bei engem Feeler kommen, z. B. wann e Spiller de Ball mat zwou Hänn hëlt oder hien dësen ënner Waasser dréckt. Eng aner Reegel seet, datt e Spiller, deen de Ball net am Grapp huet, net däerf gezappt ginn. Bei haarde Fautë flitt de Spiller fir e kuerze Moment eraus a muss an den Eck hanner der Gollinn. No maximal 20 Sekonnen, engem Gol, oder wann déi aner Ekipp de Ball verléiert, däerf hien awer erëm matspillen. No 3x erausfléie bléift hien dobaussen. Hie kann awer duerch en neie Spiller ersat ginn. De Ball geet an deene Fäll un déi aner Ekipp. Geschitt eng haart Faute am 5-Meter-Raum, kann den Arbitter e Penalty päifen. Dëse gëtt vun der 5-Meter-Linn aus geschoss.

Wiessele kann een déi ganz Zäit iwwer a sou dacks wéi ee wëll. Wann d'Spill awer leeft, muss de Wiessel am Eck hanner der Gollinn geschéien.

Een Ugrëff dauert no den FINA Reegelen 30 Sekonnen. Duerno geet de Ball un déi géigneresch Ekipp.

De Schwammstil

De Schwammstil ass net virgeschriwwen, ausser datt et verbueden ass wärend dem Spill um Buedem ze stoen oder un der Mauer ze relaxéieren. Papillon (respektiv Delfin) gëtt praktesch guer net benotzt, well et am Spill absolut keng Virdeeler bréngt. Brasse schwëmmt een normalerweis an de méi rouege Situatiounen, z. B. wann d'Spill ënnerbrach gëtt.

An den dynamesche Situatioune gëtt haaptsächlech de séiere Kraul geschwommen, woubäi een deen anescht wéi beim normale Schwammsport praktizéiert. Am Waasserball probéiert een de Kapp aus dem Waasser ze halen an et gëtt och net sou vill op de Stil opgepasst. Fir de Ball am Waasser ze transportéieren, wénkelt een iwwer dem Kraulschwammen d'Ärem un, fir sou de Ball am Raum tëscht dem Kapp an den Ärem virun ze dreiwen.

Réck gëtt an der Reegel dann agesat, wann een an engem Konter-Ugrëff ass an eng Pass vun engem Mannschaftskommerod erwaart. Dann dréit ee sech aus dem Schwammen eraus vu Kraul op Réck a ka sou d'Spillfeld wat hanner engem ass erfaassen.

Wann e Spiller op enger bestëmmter Positioun "steet", dann "trëppelt" hien. Dës effektiv a relativ liicht Aart a Weis fir sech iwwer Waasser ze hale benotzt ee souwuel a rouege Spillsituatioune wéi a staark ëmkämpfte Phasen, wéi z. B. bei enger Ausenanersetzung virum Gol.

Trëpple mécht ee wann een am Waasser d'Been eropp a erof beweegt. D'Iewescht vun de Bee maachen dobäi eng änlech Beweegung wéi beim Vëlo fueren. D'Ënnescht vun de Been dréine säitlech am Krees an d'Féiss sinn ëmmer ugezu fir e Maximun un Opdriff ze kréien. Ënnerstëtze kann een dat Ganzt nach mat enger vu sengen Hänn mat där een eng änlech Beweegung wéi am Brasse mécht.

De Golkipp ass deen eenzegen deen déi ganzen Zäit trëppelt. Hie muss nämlech déi ganzen Zäit op senger Plaz bleiwen. Fir Goler ofzewiere kann hien da sou fest a séier mat senge Bee struewelen, datt hie mat ausgestreckten Äerm bis zum Bauchnuebel aus dem Waasser sprange kann.

Waasserball zu Lëtzebuerg

Waasserball gëtt et zu Lëtzebuerg schonn zanter dem Ufank vum 20. Joerhonnert. Scho bei den Olympesche Spiller 1928 zu Amsterdam huet eng Delegatioun aus der Stad Lëtzebuerg deelgeholl. D'Ekipp huet aus de Spiller Georges Bauer, Victor Klees, Eugène Kuborn, Charles Mersch, Jules Staudt, Norbert Staudt a Félix Unden bestanen. Lëtzebuerg ass mat engem 1-3 géint Malta eliminéiert ginn.

Säin Héichpunkt hat de Waasserball Ufanks der 1980er Joren. Deemools gouf et zu Lëtzebuerg ronn 15 Ekippen déi sech an zwou Divisiounen ënnerenee gemooss hunn.

Nodeem déi Zuel awer bis op dräi Ekippe gefall war, gëtt et zanter der Saison 2008-2009 erëm 4 Ekippen. Dat sinn:

Am Ament maachen dës véier Ekippen den Titel an d'Coupe ënner sech aus,a si bedeelege sech nach an engem Interregionale Championnat mat Ekippen aus dem noen Ausland.

D'Problematik

D'Grënn fir de Réckgank vum Waasserball si verschidden:

Den Haaptgrond sinn d'Nowuesproblemer. Fir Waasserball spillen ze kënne muss ee relativ gutt schwamme kënnen, a sou läit et op der Hand, datt sech e gudden Deel vun de Spiller aus eemolege Schwëmmer rekrutéiert. Zwar gëtt et hei zu Lëtzebuerg och där aner, mä déi hunn zum Deel Problemer dem Spillfloss ze follegen.

Waasserball gëtt et och just nach an e puer Schwammklibb. Doduerch hu Jongen, déi mam Schwammen ophalen, praktesch keng Méiglechkeete mat dësem Sport richteg a Kontakt ze kommen an e seriö ze bedreiwen. Vill Schwammklibb hunn nach dobäi Problemer fir genuch Trainingsstonnen zesummenzekréien, well déi meescht Gemengen net genuch Zäit a Couloiren zur Verfügung stelle wëllen oder kënnen. Sou sinn och seele Veräiner bereet, Stonne fir de Waasserball fräi ze maachen. Sou ginn awer eng Partie Leit, déi mam Schwammen ophalen, dem Klub ganz verluer, wougéint se duerch de Waasserball dem Veräin erhalen bliwwe wieren.

Zukunft

Op d'mannst déi véier verbliwwe Veräiner sinn am Waasserball zimmlech gefestegt. Duerch Versich vun e puer Veräiner, eng Waasserballsekipp op d'Been ze stellen, oder de Versich jonk Spiller besser an de Championat z'intégréieren, kann een dovun ausgoen, datt sech de Waasserball zu Lëtzebuerg iwwer eng länger Period lues awer sécher erkritt.

Um Spaweck

Commons: Water polo – Biller, Videoen oder Audiodateien