Zensur (Kontroll)


Zensur bezeechent d'Kontroll oder d'Aschränkung vun Informatiounen, Meenungen oder kënschtlereschen Ausdrocksformen duerch de Staat oder privaten Institutiounen.[1] Si ka politesch, moralesch oder sécherheetsrelevant Grënn hunn a gëtt jee no gesellschaftlechem Kontext ënnerschiddlech bewäert. Wärend si an autoritäre Staaten dacks dem Erhale vun der Muecht déngt, existéieren och an demokratesche Gesellschafte Forme vun Zensur, zum Beispill zum Schutz virun "Haass-Sprooch" oder Feelinformatiounen.[2]
D'Geschicht vun der Zensur reecht bis an d'Antikitéit zeréck a spillt bis haut eng Roll an der Politik, der Konscht, der Literatur an an de Medien. An der moderner Gesellschaft ënnerscheet een tëscht staatlecher a privater Zensur. Staatlech Zensur gëtt duerch Gesetzer a staatlech Institutiounen duerchgesat, wärend privat Zensur duerch Entreprisen, Organisatiounen, sozial Medien oder Verlagshaiser geschitt, déi Contenu no eegene Richtlinne moderéieren oder läschen. Mat der Digitaliséierung huet sech d'Debatt intensivéiert, besonnesch duerch d'Reguléierung vu Contenu op de sozialen Netzwierker. Wärend déi eng Leit argumentéieren, datt Zensur néideg wier fir d'sozial Stabilitéit an d'Sécherheet ze garantéieren, gesinn d'Kritiker doran eng Menace fir d'Meenungsfräiheet.[1]
D'Bewäertung vun der Zensur bleift ëmstridden. Obwuel eng Rei Staate méi streng Kontrollmechanismussen aféieren, gëtt et och Bestriewunge fir eng méi grouss Transparenz an Informatiounsfräiheet. Organisatioune wéi Reporter ouni Grenzen dokumentéiere weltwäit Fäll vun Zensur a setze sech fir de Schutz vun der Pressefräiheet an.[3] D'Erausfuerderung besteet doran, tëscht gesellschaftlechem Schutz an individueller Fräiheet eng Balance ze fannen.
Selbstzensur oder Autozensur ass eng Zensur, déi sech Mënschen oder Institutioune selwer opleeën. Dat geschitt meescht aus Angscht oder Respekt virun de Preferenzen oder de Sensibilitéite vun aneren a geschitt dacks ouni offensichtlechen Drock vu baussen.[4]
Referenzen
- ↑ 1,0 1,1 (en)George Anastaplo, Censorship. Britannica (4. Februar 2025). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
- ↑ (fr)Volker Türk, Réglementer les discours haineux en ligne n’est pas de la censure. Le Soir (24. Januar 2025). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
- ↑ (de)Johannes Drosdowski, Irritierender Aufstieg Deutschlands. TAZ (3. Mee 2024). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.
- ↑ (fr)Jérôme Delnooz, La censure : une histoire, des réalités. Aide-mémoire n°68 (Abrëll-Mee-Juni 2014). Gekuckt de(n) 22. Januar 2025.