Carpo (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 20 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 16.989.000 km |
Periapsis | 9.688.827 km |
Apoapsis | 24.289.173 km |
Exzentrizitéit | 0,4297 |
Ëmlafzäit | 456,30 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,59 km/s |
Inklinatioun | 51,395° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 3 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Gravitatioun op der Uewerfläch | ? m/s2 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,0 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 9. Februar 2003 |
De Carpo (oder Jupiter XLVI) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
Hie gouf den 9. Februar 2003 vun den Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt a krut d'Bezeechnung S/2003 J 20. Säin offiziellen Numm Carpo krut de Mound den 30. Mäerz 2005 vun der IAU (no der Hore Carpo).
Bunndaten
De Carpo kreest a 456 Deeg, 2 Stonnen a 24 Minutten op enger mëttlerer Distanz vu 16.989.000 km ëm de Jupiter D'Bunn huet eng grouss Exzentrizitéit vun 0,4297. De Carpo ass dee baussenzegste prograden (rechtleefege) Jupitermound, d. h. dee baussenzegste Jupitermound, deen d'selwecht wéi de Jupiter an derselwecher Richtung leeft.
Wéi den Themisto schéngt de Carpo zu kenger Grupp mat änlech Bunneegenschaften ze gehéieren, . Seng aktuell Bunnschréi vun ongeféier 51,4° géigeniwwer der Ekliptik läit iwwer dem Minimalwäert vum Kozai-Effet, genannt nom Yoshihide Kozai deen dee Phenomeen 1962 entdeckt hat. Deen Effet bewierkt e periodesche Wiessel tëscht der Exzentrizitéit an der Inklinatioun. Wann d'Inklinatioun grouss genuch ass, da kann d'Exzentrizitéit nees sou grouss ginn, datt den Himmelskierper op senger Periapsis (engsten Ofstand vum Jupiter) an d'Géigend vun de grousse galiléiesche Mounden (Io, Europa, Ganymed a Kallisto) erukënnt. Dat kéint dozou féieren, datt de Carpo irgendwa mat engem vun de grousse Mounde kollidéiert oder duerch deenen hir gravitativ Kraaft aus dem Jupitersystem geschleidert gëtt.
Physikalesch Daten
De Carpo huet en Duerchmiesser vu ronn 3 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat, wann en haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut sollt sinn. Hien huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Hellegkeet ass 23,0m.
Kuckt och
Um Spaweck
- MPEC 2003-G67: S/2003 J 20 14. Abrëll 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2004-E39: S/2003 J 20 13. Mäerz 2004 (Zeréckentdeckung)