Isonoe (Mound)
![]() | |
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2000 J 6 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 23.217.000 km |
Periapsis | 17.506.000 km |
Apoapsis | 28.928.000 km |
Exzentrizitéit | 0,246 |
Ëmlafzäit | 725,5 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,33 km/s |
Inklinatioun | 165,20° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | ≈ 4 km |
Dicht | ? g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,5 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 23. November 2000 |
De Mound Isonoe (oder Jupiter XXVI) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
Den Isonoe gouf den 23. November 2000 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank déi virleefeg Bezeechnung S/2000 J 6.
De Mound gouf no der Isonoe, enger vun den Danaiden a Frëndinne vum Zeus aus der griichescher Mythologie genannt.
Bunndaten
Den Isonoe kreest a 725 Deeg an 12 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 23.155.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,246. Mat enger Inklinatioun vun 165,2° ass seng Bunn retrograd, d. h., de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Isonoe zu der Carme-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Carme.
Physikalesch Daten
Den Isonoe huet en Duerchmiesser vun zirka 4 km. Hien ass warscheinlech haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Isonoe huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,5m.
Kuckt och
Um Spaweck
- MPEC 2001-A28: S/2000 J 2, S/2000 J 3, S/2000 J 4, S/2000 J 5, S/2000 J 6 5. Januar 2001 (Entdeckung)
- MPEC 2002-A12: S/2000 J 6 4. Januar 2002 (Zeréckentdeckung)