Mneme (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2003 J 21 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 21.069.000 km |
Periapsis | 16.286.000 km |
Apoapsis | 25.852.000 km |
Exzentrizitéit | 0,227 |
Ëmlafzäit | 620,0 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,44 km/s |
Inklinatioun | 148,6° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 2 km |
Dicht | 2,6 (?) g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 23,3 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 6. Februar 2003 |
De Mneme (oder Jupiter XL) ass ee vun de klenge Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
De Mneme gouf de 6. Februar 2003 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. De Mneme ass no der Muse Mneme genannt.
Bunndaten
De Mneme kreest a 620 Deeg an 58 Minutten an op enger mëttlerer Distanz vun 21.069.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,2273. Mat enger Schréi vun 148,6° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt de Mneme der Ananke-Grupp, genannt nom Jupitermound Ananke, zougedeelt.
Physikalesch Daten
De Mneme huet en Duerchmiesser vu ronn 2 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. De Mound huet eng ganz donkel Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 23,3mag.
Um Spaweck
- MPEC 2003-K45: S/2003 J 21 29. Mee 2003 (Entdeckung)
- MPEC 2004-B42: S/2003 J 21 24. Januar 2004 (Zeréckentdeckung)