Thyone (Mound)
Provisoresch oder systematesch Bezeechung | S/2001 J 2 |
---|---|
Zentralkierper | Jupiter |
Eegenschafte vum Orbit | |
Grouss Hallefachs | 20.940.000 km |
Periapsis | 16.144.800 km |
Apoapsis | 25.735.300 km |
Exzentrizitéit | 0,229 |
Ëmlafzäit | 627,3 Deeg |
Ëmlafvitess | 2,43 km/s |
Inklinatioun | 148,5° |
Physikalesch Donnéeën | |
Mëttleren Duerchmiesser | 4 km |
Dicht | 2,6 g/cm3 |
Albedo | 0,04 |
Visuell Magnitude (mag) | 22,3 |
Entdeckung | |
Entdecker | IFA Hawaii |
Entdeckungsdatum | 11. Dezember 2001 |
De Mound Thyone (oder Jupiter XXIX) ass ee vun de klengste baussenzege Mounde vum Planéit Jupiter.
Entdeckung
Den Thyone gouf den 11. Dezember 2001 vun Astronome vun der Universitéit vun Hawaii entdeckt. Hie krut am Ufank d'Bezeechnung S/2001 J 2 a säin aktuellen Numm huet e vun der Thyone, enger Frëndin vum Zeus aus der griichescher Mythologie.
Bunndaten
Den Thyone kreest a 627 Deeg a 7 Stonnen op enger mëttlerer Distanz vun 20.940.000 km ëm de Jupiter. D'Bunn huet eng Exzentrizitéit vun 0,229. Mat enger Inklinatioun vun 148,5° géint de lokale Laplace-Plang ass d'Bunn retrograd, d. h. de Mound beweegt sech géint d'Rotatiounsrichtung vum Jupiter ëm de Planéit.
Wéinst senge Bunneegenschafte gëtt den Thyone zu der Ananke-Grupp gezielt, genannt nom Jupitermound Ananke.
Physikalesch Daten
Den Thyone huet e mëttleren Duerchmiesser vun ongeféier 4 km. Seng Dicht gëtt op 2,6 g/cm³ geschat. Hien ass méiglecherweis haaptsächlech aus Silikatgestengs opgebaut. Den Thyone huet eng ganz däischter Uewerfläch mat enger Albedo vun 0,04, d. h., nëmme 4 % vum agestraalte Sonneliicht gi reflektéiert. Seng visuell Magnitude ass 22,3m.
Kuckt och
Um Spaweck
- MPEC 2002-J54: Eleven new Satellites of Jupiter 15. Mee 2002 (Entdeckung)
- MPEC 2002-V06: S/2001 J 2, 2001 J 3 1. November 2002 (Zeréckentdeckung)