Chi

Dësen Artikel beschäftegt sech mat Buschtaf am griicheschen Alphabet. Fir Museksproduzent CHI, kuckt wgl. Eric Bintz.
De griichesche Buschtaf „Chi“

De Chi (griichescht Neutrum Majuskel Χ, Minuskel χ) ass den 22. Buschtaf vum griicheschen Alphabet a steet a verschiddene griicheschen Zuelesystemer fir 1000, 22 a 600.

Chi am Gebrauch

  • an der Stochastik fir eng Warscheinlechkeetsverdeelung, kuckt Chi-Quadrat-Verdeelung resp. fir déi entspriechend verdeelte Testgréisst, kuckt Chi-Quadrat-Test
  • an der Mengeléier déi Charakteristesch Funktioun (Mathematik)
  • an der Algebra fir de Charakteristesche Polynom
  • als däitsch Schreifweis fir Qi als Begrëff fir Liewensenergie, "Fluidum" an der traditioneller chineesescher Medezin (TCM)
  • an der Fluchdynamik als Bunn-Azimut
  • als Symbol fir Jesus Christus: De griicheschen X ass den éischte Buschtaf vum Numm Χριστός a symboliséiert d'Kräiz.

Kuckt och

  • Chiasmus
  • Chiasma
  • Chiasma opticum

Um Spaweck

Commons: Chi – Biller, Videoen oder Audiodateien