Phi

De griichesche Buschtaf „Phi“

De Phi (griichesch Neutrum Majuskel Φ reso. , Minuskel φ resp. oder ) ass den 21. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet nom milesesche Prinzip en numeresche Wäert vu 500.

De Phi am Gebrauch

  • An der Mathematik bezeechent
    • de klenge Phi () e Wénkel an de Polarkoordinaten an den Azimutwénkel an de sphäresche Polarkoordinaten
    • de klenge Phi () d'φ-Funktioun vum Euler
    • de grousse Phi (Φ) den irrationalen Zuelewäert vum Gëllene Schnëtt
    • de grousse Phi (Φ) d'Wahrscheinlechkeetsfunktioun (och dem Gauß seng Feelerintegral genannt)
  • De grousse Phi ass dat allgemengt Zeeche fir Physik, z. B. am Logo vun der Däitscher Physikalescher Gesellschaft. Et steet an der Wëssenschaft dacks nach fir aner Bedeitungen.
    • De klenge Phi () steet fir e Meson
    • De grousse Phi (Φ) steet an der theoreetescher Physik fir d'elektrescht Potential (Spannung U)
    • An der Stréimungsléier steet de klenge Phi () fir d'Duerchflosszuel
    • An der Liichttechnik steet de grousse Phi (Φ) fir de Liichtstroum
    • An der Thermodynamik resp. Klimatechnik steet de klenge Phi () fir d'relativ Loftfiichtegkeet
  • An der Elektrotechnik an an der Physik bezeechent
    • klenge Phi() de Phaseverrécklungswénkel
    • grousse Phi(Φ) de magnéitesche Floss
  • An der Chimie steet Phi fir de Volumenundeel vun engem Stoff an engem Gasgemësch (a Vol%)
  • An der Biologie bezeechent de klenge Phi () eng Grupp vu Bakteriophage mat eenzelsträngeger DNA (Microviridae).
  • An der Geographie bezeechent Phi d'geographesch Breet
  • An der Geologie, besonnesch Ingenieursgeologie, steet de klenge Phi () fir de Wénkel, deen eng geologesch Fläch mat enger geduechtener horizontaler Fläch bilt, dem sougenannten Afallswénkel.

Als Numm

Referenzen