Tau

De griichesche Buschtaf „Tau“

Den Tau (griichescht Neutrum; Majuskel Τ, Minuskel τ) ass den 19. Buschtaf vum griicheschen Alphabet. Een huet nom milesesche Prinzip en numeresche Wäert vun 300.

Gebrauch vum Tau

De klengen Tau bezeechent

  • an der Mathematik (an der Zuelentheorie), d'Deelerzuelfunktioun
  • Zesummenhanksmooss an der Statistik
    • Goodman a Kruskals Tau
    • Kendalls Tau (, , )
  • an der Physik
    • d'Periodendauer
    • d'τ-Lepton
    • d'Zäitkonstant
    • d'Temperatur resp. d'Temperaturkonstant
    • den Taupunkt
    • den Transmissiounsgrad
  • an der Elektrotechnik
    • d'Zäitkonstant beim Lueden, respektiv Entluede vu Kondensatoren
  • an der Analytescher Chimie
    • den Transmissiounsgrad bei photometresche Miessungen
  • an der Geneetik
    • eng Ënnereenheet vun der DNA-Polymerase III
  • an der Betribswirtschaftsléier
    • d'Zyklusdauer
  • am Ingenieurswiesen
    • d'Schubspannung
  • an der chrëschtlecher Symbolik
    • d'Tau- oder Antoniuskräiz, och Symbol vum Franziskaneruerden.

Um Spaweck

Commons: Tau – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen