Sigma

De griichesche Buschtaf „Sigma“

De griichesche Buschtaf Sigma (griichescht Neutrum ass den 18. Buschtaf vum griicheschen Alphabet an huet no dem milesesche Prinzip e numeresche Wäert vun 200.

Urspronk

D'Phenizescht Alphabet hat véier Buschtawe fir Zëschlaut. D'Griichen haten der zwéin dovu fir hir S-Lauten iwwerholl, déi awer ni gläichzäiteg an engem vun den ënnerschiddleche algriicheschen Alphabete virkoumen. De Buschtaf Samech gouf am ioneschen Alphabet als X mat dem Lautwäert ksi gebraucht. Säin Numm awer gouf a liicht ofgewandelter Form op de phenizesche Buschtaf „Sin“ iwwerdroen, deen elo am Griichesche Sigma heescht.

Vum griichesche Sigma leede sech souwuel de kopteschen a kyrilleschen С (iwwer déi am byzantinesche Räich verbreet Form vum Sigma, deen dem C geglach huet), wéi och de laténgeschen S (iwwer d'gewéinlech Majuskel) of.

Gebrauch vum Sigma

  • als klenge Sigma σ
    • am Qualitéitsmanagement Six Sigma (3,4 Feeler pro enger Millioun Feelerméiglechkeeten)
    • an der Physik
      • fir d'Uewerflächespannung
      • fir d'Fléissspannung
      • fir d'Stefan-Boltzmann-Konstant
      • fir d'spezifesch elektresch Leetfäegkeet vun engem Material
      • fir d'Pauli-Matriz
      • fir de Wierkungsquerschnëtt
      • an der Mechanik fir d'Spannung
    • an der Wierkstoffwëssen
      • eng zimmlech steif Phas am Fe-Cr-System
      • d'Zuchspannung
    • an der Informatik
      • fir d'Bezeechnung vun der Selektioun an der relationaler Algebra
      • fir d'Bezeechnung vun der Selektivitéit enger Datebankoffro
    • an der Mathematik
      • an der Statistik fir d'Standardofwäichung vun der Grondgesamtheet
      • an der mathemateischer Zuelentheorie fir eng Deelerzomm
    • an der Chimie
      • fir d'Benennung vun enger Orbital-Bannung
      • fir d'Benennung vum Sigma-Komplex
      • als Zeeche fir d'Volumenkonzentratioun
    • an der Biologie
      • fir e Protein, dat duerch Bannung un d'RNA-Polymeras fir d'Initiatioun vun der Transkriptioun noutwendeg ass (kuckt Sigma-Fakter)
    • an der Phonologie
      • fir eng Silb
    • an der Mikroökonomie
      • als Zeeche fir d'Substitutiounselastizitéit
  • als grousse Sigma Σ
  • als Wuert Sigma
    • Gebrauch an der Ekologie a Vegetatiounswëssen: Sigma-Soziologie (Synsoziologie), d. h. d'Erfaassung vu Vegetatiounskomplexe
    • Kuerzbezeechnung an der Medezin fir den S-fërmeg verlafenden Deel vum Déckdaarm (Colon sigmoideum).

Um Spaweck

Commons: Sigma – Biller, Videoen oder Audiodateien