Hallefinsel
Eng Hallefinsel ass e Landgebitt, dat op dräi Säite vu Waasser ëmginn ass an op enger Säit mat engem méi grousse Festland verbonne bleift, souzesoen eng Mëschung tëscht enger Insel an dem Festland. Hallefinsele kënnen natierlech Formatioune sinn, déi duerch geologesch Prozesser wéi d'Erosioun oder d'Tektonik entstane sinn.
Hallefinselen hunn dacks eng strategesch oder kulturell Bedeitung, well se duerch hir geographesch Lag Handelsweeër a Bevëlkerungsbeweegunge beaflosse kënnen.
Bekannt Beispiller vun Hallefinselen
- D'Italieenesch Hallefinsel, oder Apenninhallefinsel, ass eng Hallefinsel, op där de gréissten Deel vun Italie läit, an déi an d'Mëttelmier erausstécht.
- D'Ibeeresch Hallefinsel ass eng Hallefinsel a Süd-West-Europa, op där Spuenien a Portugal leien.
- D'Skandinavesch Hallefinsel ass déi gréisst Hallefinsel an Europa. Op hir leien Norwegen a Schwede.
Um Spaweck
Commons: Hallefinselen – Biller, Videoen oder Audiodateien |