Charles de Gaulle

Charles de Gaulle
Portrait vun 1945
Gebuertsnumm Charles André Joseph Marie de Gaulle
Pseudonym Charles de Lugale
Gebuer 22. November 1890
Lille
Gestuerwen 9. November 1970
Colombey-les-Deux-Églises
Nationalitéit Frankräich
Educatioun École spéciale militaire de Saint-Cyr,
Collège Stanislas,
École supérieure de guerre
Aktivitéit Staatsmann, Offizéier
Partei Union des démocrates pour la République, Rassemblement du peuple français
Famill
Bestuet mat Yvonne de Gaulle
Papp Henri de Gaulle
Mamm Jeanne Maillot
Geschwëster Marie-Agnès de Gaulle, Jacques de Gaulle, Xavier de Gaulle, Pierre de Gaulle
Kanner Anne de Gaulle, Philippe de Gaulle, Élisabeth de Gaulle

De Charles de Gaulle, gebuer den 22. November 1890 zu Lille a gestuerwen den 9. November 1970 zu Colombey-les-Deux-Églises, war e franséische Generol a Staatsmann a vun 1959 bis 1969 den 18. President vun der franséischer Republik. Hie war de Grënner vun der Fënnefter Republik, an och där hiren éischte President. Hien ass och als Auteur, ë. a. vu Memoirë bekannt.

Famill, Jugend a Formatioun

Dem Charles de Gaulle seng Famill schéngt, dem Eric Roussel no, hir Wuerzelen deelweis a Wales ze hunn[1]. De Julien Philippe de Gaulle, dem Charles de Gaulle säi Grousspapp an Historiker[2] huet, no senge genealogesche Fuerschunge festgehalen, datt d'Famill méiglecherweis eng normannesch Ofstamung hätt.[3].

Et ass bekannt datt virun der Franséischer Revolutioun ee gewësse Jean-Baptiste de Gaulle, deemno véier Generatioune virum zukünftege Generol, Procureur am Paräisser Parlament war. Do konnt säi Jong nach Affekot ginn. Déi nächst Generatioun huet nach méi lues missen trëppelen, de Julien de Gaulle, deen 1801 zu Ménilmontant an der deemoleger Gemeng Belleville gebuer gi war, an deem seng Fra Joséphine Maillot, waren zwar intellektuell gebilt an hu vun historesch-literaresche Publikatioune gelieft, an hir dräi Jongen, Charles, Xavier an Henri, dem Charles de Gaulle säi Papp, hunn als Erwuessen en normaalt Liewe wéi deemools an der mëttlerer Bourgeoisie gewinnt, geféiert.

Dëst Kapitel muss iwwerschafft ginn. Dat kann dru leien, datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, datt den Opbau net der Wikiformatéierung entsprécht oder datt den Inhalt net ganz korrekt ass oder net explizit genuch ass, sou wéi en den Ament do steet.

Vu Klengem un ass de Charles de Gaulle, selbstbewosst opgetrueden. Hien huet vill gelies an huet sech domat eng beandrockend literaresch an historesch Allgemengbildung geschaf, mä hie war och wéineg disziplinéiert an dat huet him am Endeffekt déi éischt Plazen ëmmer nees verspaart. Hien huet am grousse Ganzen d'Iwwerzeegunge vu sengen Eltere gedeelt, déi haten net vill fir déi laizistesch Republik iwwreg, hunn allerdéngs bezweifelt, datt de Capitaine Alfred Dreyfus wierklech schëlleg wier, och wa se sech net mam Aktivismus vun den Dreyfuards identifizéiere konnten.

Zimmlech onerwaart, well et keng militäresch Traditioun an der Famill gouf, huet sech de Charles de Gaulle a Richtung Offizéieschscarrière orientéiert. 1906 nom Baccalauréat, huet e sech d'éischt a Mathématiques élémentaires-Coursen ageschriwwen, an zwar an enger kathoulescher Privatschoul zu Antoing an der Belsch. No enger Zäit als Internatsschüler koum de Charles de Gaulle dunn op Paräis zeréck an huet sech an eng Classe préparatoire vum Collège Stanislas ageschriwwen, fir de Concours d'entrée vun der d'Militärschoul vu Saint-Cyr virzebreeden. Am September 1909 gouf de Charles de Gaulle zu Saint-Cyr ugeholl. Hie gouf dunn, no der Basisausbildung, 1910 als Élève-officier op Arras an d'33. Infanteriesregiment geschéckt, wou e mat sengem Wëssen a sengen Talenter, an och mat sengem Houfert a sengem Éiergäiz opgefall ass. 1912 huet hien d'Offizéieschschoul als 13. vu senger Promotioun ofgeschloss, wat ee gutt Klassement war. Obschonn hien allméiglech prestigiéis oder méi roueg Plazen ugebuede krut, z. B. an de Kolonien, huet hie beschloss, an d'33. Infanterieregiment op Arras zeréckzegoen. An deem Ament war hie sech scho bewosst, datt et geschwënn zum Krich mam Däitsche Keeserräich géif kommen. Zu Arras war de Colonel Philippe Pétain säi Regimentschef.

Militäresch Carrière bis 1939

Am Ufank vum Éischte Weltkrich gouf de Läitnant Charles de Gaulle zu Dinant an der Belsch schwéier blesséiert. Wéi e sech erholl hat, gouf en nees op d'Front geschéckt, déi Kéier an d'Champagne am Rang vun engem Capitaine. Den 10. Mäerz 1915 gouf en och do blesséiert an am Februar 1916, no bei Douaumont an der Argonne gouf en eng drëtt Kéier verwonnt an dobäi gefaange geholl. Hien huet e puermol versicht fortzelafen, an dofir hunn déi Däitsch hien am Fort VI vum Festungsrank vun der Landesfestung Ingolstadt agespaart. Seng Rechnung fir do fortzelafe war bal opgaangen. Hie war am Oktober zéng Deeg mat engem Kolleeg dobaussen an ënnerwee no Frankräich, ier se nees gefaange goufen. Hien huet sech d'Zäit als Krichsgefaangene mat Liesen an Diskutéiere verdriwwen, mä vum Krich huet en direkt oder aktiv näischt méi matkritt. Den 21. November 1918, zéng Deeg nom Waffestëllstand, koum de Capitaine de Gaulle fräi a konnt zeréck a Frankräich goen.

Duerno huet hie sech am Abrëll 1919 fräiwëlleg fir eng Affektatioun bei der polnescher Arméi gemellt. Deemools huet Polen, als Staat dee réischt kuerz virdrun nees "operstane" war, sech géint déi sowjetesch Rout Arméi missen zur Wier setzen a seng Grenze verdeedegen, a verschidde friem Militärmissiounen hunn dobäi gehollef. De Ch. de Gaulle huet als Militärberoder och aktiv um Terrain eng Hand mat ugepaakt an nei Erfarunge gesammelt. Am Juni 1920 huet hien dann eng nei Affektatioun a Pole gefrot, a wärend sengem zweeten Openthalt huet hien de Léiergang fir héijer Offizéier op der polnescher Infanterieschoul dirigéiert. Enn 1920 koum en a Frankräich zeréck, an den 1. Februar gouf e mat engem Geschichtscours op der Militärschoul vu Saint-Cyr beoptraagt. Ëm déi selwecht Zäit gouf e mat der Yvonne Vendroux, engem Meedchen aus der gudder Bourgeoisie vu Calais bestuet. D'Koppel krut dräi Kanner, ee Jong, den zukünftegen Admirol Philippe de Gaulle), an zwee Meedercher d'Élisabeth an d'Anne.

Am Mee 1921 huet de Ch. de Gaulle de Concours gepackt, fir d'École supérieure de Guerre z'intégréieren. Mat der 33. Plaz[Source?] war hien éischter gutt klasséiert. Vu datt e sech scho laang eege Gedanke gemaach huet iwwer de Verlaf vum Éischte Weltkrich, iwwer déi nei Panzerwaff, iwwer d'Politik (besonnesch a Frankräich an an Däitschland) an iwwer d'Reegelung vum Konflikt an de verschiddene Verträg, déi zu Versailles mat Däitschland, Saint-Germain-en-Laye mat Éisträich, Trianon mat Ungarn, Neuilly mat Bulgarien a Sèvres mat der Tierkei ausgehandelt gi waren, huet en zur Fieder gegraff an am Ufank vun 1924 schonn een éischt Buch ënner dem Titel La discorde chez l'ennemi publizéiert. Domat ass hien natierlech als Denker an als talentéierte Schrëftsteller ënner den Offizéier opgefall, mee well hien nach "nëmme" Stagiaire op der École supérieure de Guerre war, ass dat net ganz gutt bei der Hierarchie ukomm. Dat, an och seng generell Haltung, déi dacks als Iwwerhieflechkeet betruecht gouf, erkläert, datt en zum Schluss vum zweejärege Léiergang, Mëtt 1924, nëmme mat der Mention "bien" d'Schoul verlooss huet. Dobäi war et sou, datt een eng Mention "très bien" huet missen hunn, fir sech Zougang an den État-major ze beschafen. De fréiere Chef vum Capitaine de Gaulle zu Arras, de Philippe Pétain, deen am Ufank vum Éischte Weltkrich reaktivéiert gi war an als Generol eng brillant Carrière gemaach hat, ënner anerem viru Verdun, soudatt en um Enn zum Maréchal de France erhuewe gi war, war net mat der Schlussappréciatioun, déi säin dichtege Schützling kritt hat, averstanen. Hien huet dofir gesuergt, datt do nogebessert gouf, an hien huet säi perséinleche Prestige ausgenotzt, fir demonstrativ ee Konferenzzyklus ze presidéieren, deen de Ch. de Gaulle dunn op der École supérieure de Guerre ginn huet. 1926 koum de Ch. de Gaulle an den État-major vun der franséischer Arméi, déi an Däitschland am Rhäinland stationéiert war.

Am September 1927 gouf de Ch. de Gaulle dunn Kommandant am Grad vum Majouer als Chef vum Bataillon de Chasseurs Alpins am Saarland mat Garnisoun zu Tréier genannt. Mä hie war net wierklech zefridde mat där Affektatioun, well hien net vill fir d'Garnisounsliewen iwwreg hat an ëmmer gefillt huet, datt en zu Héijerem beruff wier.

De Ch. de Gaulle hätt am léifsten op der École supérieure de Guerre Schoul gehalen, mä säi Charakter, dee vu villen als schwiereg empfonnt gouf, huet him ee Stréch duerch d'Rechnung gemaach. Am Hierscht 1929 gouf en op Beirut, deemools am franséische Protektorat Libanon, an den État-major vun der 'Armée du Levant geschéckt. Den Noen Osten konnt de Ch. de Gaulle net besonnesch begeeschteren, well hie scho laang un den nächste Krich mat Däitschland geduecht huet, soudatt en am Geescht éischter an den Ardennen, an de Vogesen an um Rhäin war.

1931 gouf de Ch. de Gaulle an d'Sekretariat vum Conseil supérieur de la Défense nationale genannt a koum deemno zeréck op Paräis. Ëm déi selwecht Zäit huet hie sech mam Philippe Pétain iwwerworf. De Marschall, deen aus PrestigegrënnSource? an d'Académie française opgeholl gi war, huet sech mam Gedanke rëmgedroen, ee Buch ënner dem Titel Le soldat ze publizéieren. Doranner wollt hien eegen Iddiën zur Krichsféierung formuléieren, an och soss seng Meenung iwwer d'Roll vun der Arméi an der Gesellschaft ausdrécken. Well him scho laang bewosst war, datt de Ch. de Gaulle - anescht wéi hien - eng exzellent Fieder hat, an him dëst oder dat ze verdanken hat, wollt e säi Schützling als Ghost writer benotzen. De Ch. de Gaulle war awer, aus berechtegtem Houfer, net bereet, ganz hannert der Ënnerschrëft vum Marschall ze verschwannen an huet verlaangt, datt deen, an engem Virwuert, seng "Schold" géif unerkennen, wat de Pétain awer op kee Fall wollt maachen. Et koum zu enger dauerhafter Verstëmmung tëschent dem Pétain a sengem fréiere Protégé, a kuerz duerno huet de Ch. de Gaulle dat, wat en am Fong scho fir de Pétain zu Pabeier bruecht hat, an engem eegene Buch, mam Titel Au fil de l'épée 1932 publizéiert. Spezialiste behaapten, datt et dat bescht vun deene véier Bicher ass, déi e virum Zweete Weltkrich publizéiert huet, och wann et kee grousse kommerziellen Erfolleg war. Nieft Iddien, déi e wéineg iwwerspaant konnte wierken, huet de Ch. de Gaulle an deem Buch, souwéi och an anere Schrëftstécker oder Notten, eng remarkabel Gedankekoherenz a vill Pragmatismus un den Dag geluecht, an och schonn ugedeit, wéi hien an Zukunft géif handelen, wann en dann zum Zuch kéim: Mësstraue vis-à-vis vun alle kolonialen Entreprisen, virsiichtegen Ëmgank mat den angelsächsesche Muechten (UK an USA), Wichtegkeet vun enger méiglecher Réckversécherungsallianz mat Sowjetrussland géint Däitschland (d'Reichswehr ass deemools, nach virum Hitler senger Ernennung zum Reichskanzler, géint d'Bestëmmunge vum Versailler Vertrag héichgerëscht, respektiv ausgebaut an an der Perspektiv vun engem méigleche Krich ausgebilt ginn).

Am Dezember 1933 gouf de Ch. de Gaulle Lieutenant-colonel an e puer Méint duerno, am Mee 1934, huet hie Vers l'armée de métier publizéiert, ee Buch an deem en ë. a. zur Schafung vun enger Panzerwaff vun honnertdausend Mann opgeruff huet. Zanter e puer Joer war dem Ch. de Gaulle d'Bedeitung vun den Tankse bewosst, sou wéi dat beim franséische Generol Jean Estienne (1860-1936), beim brittesche Generol John Frederick Charles Fuller (1878-1966), beim groussen engleschen Theoreetiker Liddell Hart (1895-1970) oder beim däitsche Generol Heinz Guderian (1888-1954) méi oder wéineger och de Fall war. De Ch. de Gaulle huet iwwregens net gezéckt, fir seng Iddien ënner verschiddene Journalisten, respektiv frëndleche Politiker bekannt ze maachen, fir d'Regierung dozou ze bréngen, effektiv eng schlagkräfteg Panzerwaff z'ëntwéckelen. Am Laf vum Joer 1935 huet de moderéiert rietse Politiker Paul Reynaud dem Ch. de Gaulle seng Usiichte virun der Assemblée nationale verdeedegt, mä a Frankräich gouf et déi Zäit engersäits enorm vill Pazifismus, an anerersäits een héije militäresche Kommando, deen eng reng defensiv Haltung virgezunn huet: Frankräich sollt de Feind mat der Ligne Maginot ofschrecken, respektiv aus dem Land eraushalen. Et sollt bis 1936 daueren, bis dem Ministerpresident Léon Blum säi Verdeedegungsminister, den Edouard Daladier, en éischte klengen Effort zu Gonschte vun den Tankse gemaach huet. A réischt nom "Anschluss", d. h. no der Annexioun vun Éisträich duerch Nazidäitschland am Mäerz 1938, huet d'franséisch Regierung endlech decidéiert zwou Panzerdivisiounen op d'Been ze setzen, mä déi konnten nëmme knapps virum Ufank vum Joer 1940 prett sinn, a si sollten am Zesummenhang mat der Maginot-Linn reng defensiv agesat ginn. Dobäi hat Nazidäitschland, dat den nationalistesche Generol Franco am Kader vum Spuenesche Biergerkrich ënnerstëtzt hat, scho laang gewise, wéi effizient de kombinéierten Asaz vun Tanksen a Fligere konnt sinn.

De de Gaulle, Chef vun der France libre wärend dem Zweete Weltkrich

Den De Gaulle un der Muecht direkt no der Liberatioun (1944-1946)

Den De Gaulle am Hannergronn (1946-1958)

Den De Gaulle als Grënner vun der V. Republik an als Staatspresident (1958-1969)

Publizéiert Wierker (Auswiel)

  • La discorde chez l'ennemi; Paräis (Berger-Levrault), 1924; neist Rééditioun: Paräis (Perrin), 2018. ISBN 978-2-262-07631-3
  • Le Fil de l'épée, Paräis, Librairie Berger-Levrault, 1932 [1971 vun den Éditions Plon, Paräis, rééditéiert].
  • Vers l'armée de métier, Paräis, Librairie Berger-Levrault, 1934 [1971 vum Verlag Plon nei opgeluecht].
  • La France et son armée; Paräis (Plon), 1938; Prix Marcelin Guérin de l'Académie française am Joer 1939.
  • Mémoires de Guerre (1. L'Appel ; Paräis, Plon, 1954. 2. L'Unité ; 1956. 3. Le Salut ; 1959.)
  • Mémoires d'Espoir (betreffen d'Period 1958-1962...): 1. Le Renouveau ; Paräis, Plon, 1970. 2. L'Effort ; 1971.
  • Mémoires, erauskomm zu Paräis, Éditions Gallimard (Bibliothèque de La Pléiade, Nr. 465, 1648 Säiten), 2000, regroupéiert dem Ch. de Gaulle seng Mémoires de Guerre, Mémoires d'Espoir an aner Schrëften, déi den Zweete Welkrich, de Schluss vun der 4. Republik an d'Grënnung vun der 5. Republik betreffen.
  • Lettres, Notes et Carnets (13 Bänn), Paräis, Plon, 1980-1985 [2010 beim Verlag Robert Laffont (Collection Bouquins), Paräis, 2010, an 3 décke Bänn nei opgeluecht].

Literatur iwwer den de Gaulle

  • Jean Lacouture, De Gaulle - 1. Le rebelle 1890-1944, Paräis, Éditions du Seuil, 1984; 2. Le politique 1944-1959, 1985; 3. Le souverain 1959-1970, 1986.
  • Alain Peyrefitte, C'était De Gaulle; Paräis (Gallimard, collection 'Quarto'), 2002.
  • Frédéric Salat-Baroux, De Gaulle - Pétain. Le destin. la blessure, la leçon; Paräis (Robert Laffont), 2010; 233 Säiten; ISBN 978-2-221-11443-8.
  • Jean-Louis Crémieux-Brilhac, De Gaulle, la République et la France Libre 1940-1945; Paräis (Perrin), 2014. - Als Täschebuch bei Perrin/ Tempus, 2019; 493 Säiten; ISBN 978-2-262-04382-7.
  • Jacques Dollar, Charles de Gaulle, symbole de la grandeur de la France, Lëtzebuerg, Sankt-Paulus Verlag, 1980; 128 Säiten.
  • Philippe de Gaulle, Mémoires accessoires 1921-1946; 2 Bänn; Paräis (Plon), 1997.
  • Max Gallo, De Gaulle; 4 Bänn; Paräis (Laffont), 1998.
  • Christine Clerc, Les de Gaulle - Une famille française, Paräis, NiL éditions, 2000 [2002 vun den Éditions J'ai lu am Täscheformat nei opgeluecht].
  • Julian Jackson, De Gaulle; London (Haus Publishing Limited), 2003. - 2004 op franséisch iwwersat zu Paräis (Alvik éditions) erauskomm: De Gaulle - Au-delà de la légende. ISBN 2-914833-18-0
  • (ënner der Leedung vun: Claire Andrieu, Philippe Braud, Guillaume Piketty) Dictionnaire De Gaulle, Paräis (Éditions Robert Laffont, collection Bouquins), 2006. ISBN 2-221-10280-0
  • Éric Roussel, De Gaulle, Paräis (Gallimard, folio biographies; Nr. 39), 2008. ISBN 978-2-07-034288-4
  • Michel Tauriac, Dictionnaire amoureux de De Gaulle, Paräis (Plon), 2010. ISBN 978-2-259-21040-9
  • Denis Tillinac, Dictionnaire amoureux du Général, Paräis (Plon), 2020.
  • Philippe Le Guillou, Stèles à De Gaulle, Paräis, Gallimard, folio (Nr. 5057), 2010. ISBN 978-2-07-043748-1
  • J. Touchard, Le gaullisme 1940-1969; Paräis (Seuil), 1978.
  • François Flohic & Bernard-François Michel, Charles de Gaulle, dernier roi des Francs; Paräis ('Les Impliqués' éditeur), 2015; 182 S.; ISBN 978-2-33-637081-1
  • Jean-Louis Thiériot, De Gaulle, le dernier réformateur; Paräis (Tallandier), [Oktober] 2018; 204 Säiten.
  • François Kersaudy, De Gaulle et Churchill. La mésentente cordiale; Paräis (Perrin), 2001.
  • François Kersaudy, De Gaulle et Roosevelt. Le duel au sommet; Paräis (Perrin), 2004.
  • Michèle Cointet, De Gaulle et Giraud: l'affrontement (1942-1944); Paräis (Perrin), 2005.
  • Hélène Carrère-d'Encausse, Le général de Gaulle et la Russie; Paräis (Librairie Arthème Fayard), 2017. - 2019 am Täscheformat rééditéiert, an der Collection 'Pluriel' vum selwechte Verlag.
  • Patrice Gueniffey, Napoléon et De Gaulle. Deux héros français; Paräis, 2017.
  • Michel Onfray, Vies parallèles: De Gaulle & Mitterrand; Paräis (Robert Laffont), 2020; 404 S.; ISBN 978-2-221-24227-8
  • Tristan Lecoq (Leedung) & Diane Grillère (Koordinatioun), Enseigner De Gaulle (Kollektivwierk, 14 Auteuren); Chasseneuil-du-Poitou (éditions Canopé), 2018; 176 Säiten.
  • François Kersaudy, Le monde selon De Gaulle; 1. Bd.: Le Général redécouvert..., Paräis (Tallandier), 2018; 2. Bd.: Le Général à livre ouvert..., Paräis (Tallandier), 2019. - ISBN 979-10-210-0652-2 & ISBN 979-10-210-3731-1
  • Julian Jackson, De Gaulle. Une certaine idée de la France; Paräis (Seuil), 2019; 984 S.; franséisch Iwwersetzung vum Marie-Anne de Béru.
  • Michel Winock, Charles de Gaulle. Un rebelle habité par l'histoire; Paräis (Gallimard), 2019; 128 Säiten.
  • François Kersaudy, De Gaulle, stratège au long cours; Paräis (Perrin; collection 'Maîtres de guerre'), 2020; 336 S. (ill.); ISBN 978-2-262-07893-5
  • François de Lannoy, De Gaulle jugé par ses pairs - Les notations d'un officier peu ordinaire (1909-1939); in: 39/45 Magazine, Nummer 379 (Mee-Juni 2023); Ss. 74-87 (ill.).
  • Jean-Luc Barré, De Gaulle. Une vie: Band I, L'homme de personne (1890-1944); Paräis (Grasset), 2023; 900 Säiten; Prix Renaudot de l'essai, Grand Prix de la biographie politique du Touquet. ISBN 978-2-246-83417-5.

Kuckt och

Um Spaweck

Commons: Charles de Gaulle – Biller, Videoen oder Audiodateien

Referenzen an Notten

  1. Éric Roussel, De Gaulle, Paräis, Gallimard, folio biographies (Nr. 39), 2008.
  2. Nouvelle histoire de Paris et de ses environs
  3. La généalogie du Général de Gaulle Gearchiveerd op 2009-09-02. Gekuckt de(n) 2009-09-02.